Déi chineesesch Videoplattform TikTok ass staark ëmstridden a war an den USA tëschenzäitlech och scho verbueden.

Trotzdeem huet dat Wäisst Haus elo een offiziellen Account.

"Amerika, mir sinn zeréck!", esou den Titel vun dem éischte 27 Sekonne laange Video, deen d'US-Regierung en Dënschdeg den Owend (Lokalzäit) op der Plattform publizéiert huet. Eng Stonn méi spéit hat den Account vum Wäissen Haus schonn eng 4.500 Follower. Den US-President Trump huet säin eegenen Account op TikTok mat iwwer 110 Millioune Follower.

@whitehouse

America we are BACK! What’s up TikTok?

♬ original sound - The White House

An den USA gëtt zanter Méint iwwer d'Plattform gestridden, déi der chineesescher Firma "Bytedance" gehéiert. Een Dag virum Start vum Trump sengem zweete Mandat am Januar war ee Gesetz a Kraaft getrueden, dat dem chineesesche Betrib de Verkaf vun TikTok virschreift - anescht géif d'Plattform verbuede ginn. Den Hannergrond dovunner ass, datt d'US-Agencen Angscht hunn, datt Peking iwwer TikTok déi ëffentlech Meenung an den USA kéint beaflossen.

Den Trump hat d'Frist awer schonn e puermol verlängert an huet erkläert, datt hien net wéilt "datt TikTok vun der Bildfläch verschwënnt." Déi aktuell Frist fir e Verkaf leeft Mëtt September aus.

A senger éischter Amtszäit hat sech den Trump nach selwer fir ee Verbuet oder ee Verkaf vun TikTok agesat. Antëscht gesäit hien an der Plattform mat sengen iwwer 170 Milliounen US-User awer wéi et schéngt, eng gutt Méiglechkeet, jonk Wieler fir sech ze gewannen.