Chefs d’état major vun den NATO-Länner berode sech e Mëttwoch den Owend

© AFP/Archiv/GEORGES GOBET
Nom Ukrain-Sommet zu Washington sollen elo Detailer iwwert d’Sécherheetsgarantie fir Kiew ausgeschafft ginn.
E Mëttwoch den Owend wëllt de Chef d’état major Dan Caine mat europäesche Militärcheffen zu Washington d’Optioune beschwätzen, éier sech duerno déi 32 Chefs d’état major vun den NATO-Länner an enger Video-Konferenz austauschen.
D’USA weise sech bereet fir eng Ënnerstëtzung vun der Ukrain aus der Loft. Buedemtruppen hat den US-President Trump allerdéngs ausgeschloss.
Dass d’Ukrain offiziell drop verzicht, fir NATO-Member ze ginn, wier och en zentrale Punkt um Wee zu engem Friddensaccord. Dat huet no den USA och d’Slowakei en Dënschdeg gefuerdert, ausserdeem suggeréiert de slowakesche Premier, d’Ukrain sollt sech iwwerleeën, Russland den Oste vum Land z’iwwerloossen.
Iwwerdeems gëtt et Indicen, dass den Dräier-Sommet tëscht Putin, Trump a Selenskyj kéint zu Budapest an Ungarn sinn. De Secret Service wier amgaangen dat ze preparéieren, dat mellt "Politico". Et feelt allerdéngs nach ëmmer eng offiziell Confirmatioun vu Moskau, ob de Putin iwwerhaapt zougesot huet. De russeschen Ausseminister hat do ewell relativéiert - esou Gespréicher misste graduell preparéiert ginn, als éischt emol um Niveau vun Experten.