Wéi de Parquet Berlin matgedeelt huet, gouf de fréiere Bundesverkéiersminister Andres Scheuer (CSU) wéinst Falschaussoen ugeklot.

Et geet ëm eng Ausso virum sougenannte Pkw-Maut-Untersuchungsausschuss vum Bundestag. De Scheuer huet allerdéngs scho géintiwwer däitsche Medien ausgesot, sech "géint dës onbegrënnt Virwërf (...) mat aller Kraaft ze wieren" a seng "Onschold ze verdeedegen". Matugeklot ass dem Parquet no och de fréiere parlamentaresche Staatssekretär Gerhard Schulz.

Konkret geet et bei de Falschaussoe virum Ausschoss ëm d'Fro, ob d'Verträg mat der Peage-Firma ënnerschriwwe gi sinn, obschonn d'Gefor bestanen huet, dass de Projet vum Europäesche Geriichtshaff (EuGH) gestoppt gëtt. De Scheuer an de Schulz hätten der Uklo no "entgéint hirer tatsächlecher Erënnerung" gesot, dass si sech net un eng Offer vun der Peage-Firma erënnere kéinten an d'Verträg réischt no der EuGH-Decisioun ënnerschriwwe goufen.

Et hätt sech dobäi ëm eng bewosst Falschausso gehandelt an dëst ass strofbar, heescht et weider an der Uklo. Béid Ugeklote bestreiden dëst.

Wat war geschitt?

Den Numm Andreas Scheuer steet an enker Verbindung mam Desaster ëm d'Peage-Pläng, déi vun der CSU am Walkampf annoncéiert goufen. Déi als "Ausländermaut" ugekënnegt Tax gouf 2019 vum EuGH ofgewisen, well just auslännesch Chaufferen dës sollte bezuelen. De Scheuer huet doropshin d'Verträg mat der Peage-Firma Autoticket gekënnegt, eng vun der Firma gefroten Entschiedegung awer refuséiert. Fir dëst ze klären huet de Verkéiersministère sech 2020 un e Geriicht adresséiert. Do gouf decidéiert, dass de Bund 243 Milliounen Euro un d'Firma misst bezuelen.

Vun 2009 bis 2013 war den Andreas Scheuer Staatssekretär am Bundesverkéiersministère, vun 2013 bis 2018 Generalsekretär ënnert dem deemolegen CSU-Chef Horst Seehofer a bis 2021 war hie Bundesverkéiersminister. Am Abrëll 2024 huet de Scheuer säi Mandat am Bundestag néiergeluecht, dat no bal 22 Joer am Parlament.