A Japan goufen um Dënschdeg spektakulär Biller a Videoe vun engem besonnesch helle Meteorit gemaach.

Nodeems e spektakuläre Blëtz um Nuetshimmel iwwer dem Weste vu Japan d'Bewunner vum Land iwwerrascht an erféiert huet, confirméieren Experten, datt et sech heibäi ëm en natierlecht Phänomen gehandelt huet, an zwar e sougenannte "Feierball", e besonnesch helle Meteorit.

Op sozialen Netzwierker ware kuerz drop Videoen a Fotoe vun der heller Luucht opgedaucht, déi kuerz no 23 Auer Lokalzäit um Dënschdeg an engem Ëmkrees vun Honnerte vu Kilometer ze gesi war.

Den Toshihisa Maeda, Direkter vum Sendai Weltraum Musée an der Kagoshima Regioun, huet vis-à-vis AFP erkläert, datt et sech dobäi tatsächlech ëm en aussergewéinlech-helle Meteorit handele géif, dee wuel am Pazifik gelant wier.

"E war esou hell wéi de Mound", sou de Maeda. Der NASA no kënnen esou Feierbäll méi wéi ee Meter grouss sinn.