1 Millioun € Indemnitéit fir handicapéiert Kand no Traitement-Feeler bei Gebuert

© AFP/Archiv/INA FASSBENDER
Wéinst massiven Traitement-Feeler bei der Gebuert huet d'Geriicht vu Göttingen engem schwéier behënnerte Meedchen 1 Millioun Euro zougesprach.
Den Informatioune vum Geriicht no, huet d’medezinescht Personal bei der Gebuert vum Meedchen am Joer 2016 “eng Rei graff Behandlungsfeeler” gemaach. Dës Feeler hunn dozou gefouert, datt d’Kand kierperlech a geeschteg nach méi beanträchtegt ginn ass. D’Meedche war nach ongebuer an engem schlechten Zoustand, ma en Nout-Keeserschnëtt gouf net gemaach. Doriwwer eraus ass et no der Gebuert net genuch iwwerwaacht a mat Sauerstoff versuergt ginn.
Wéinst dëse gesondheetleche Schied kann d’Kand net eegestänneg iessen a muss dauernd betreit ginn. D’gynekologesch Gebuert-Statioun vum ugeklote Spidol ass entretemps schonn zou, esou d’Göttinger Geriicht.