D'Ukrain steet virun engem Dilemma, esou de Sécherheetsexpert am Interview. Och Lëtzebuerg hätt säi Roll ze spillen.

De Klemens H. Fischer ass en erfuerene Jurist, Diplomat an Dozent op der Uni Köln, deen zanter ville Joren a Froe vun der internationaler Politik a Sécherheetsarchitektur schafft. Hien huet ënner anerem fir d'EU-Kommissioun, den EU-Rot souwéi d'UNO geschafft an ass haut Senior Advisor um Austria Institut fir Europa- a Sécherheetspolitik (AIES). Am Gespréich mat RTL huet hien déi aktuell Situatioun an der Ukrain analyséiert a bewäert, wéi eng Roll kleng Staate wéi Lëtzebuerg an enger neier Weltuerdnung spille kënnen.

"Selenskyj steet virun engem schwéieren Dilemma"

De Klemens Fischer bezeechent d'Situatioun vun der Ukrain esou:

"Op der enger Säit muss de Selenskyj probéieren, de Krich esou séier wéi méiglech op en Enn ze féieren, well all Dag grouss Verloschter ze verzeechne sinn, net nëmmen un der Front, mee och bei den Zivilisten. Op där anerer Säit heescht dat awer, dass hien d'Gefor huet, Territoiren u Russland ofzeginn, och wann déi vëlkerrechtswiddreg eruewert goufen."

D'Fro wier, esou den Expert, ob d'ukrainesch Regierung de moraleschen Imperativ an der Verfassung an am Vëlkerrecht gesäit, oder awer méi staark d'Zivilbevëlkerung muss schütze, och wann dat Concessiounen u Moskau géif bedeiten.

RTL

De Wolodymyr Selensky war de 19. Dezember 2024 zu Bréissel. / © AFP

"Putin huet d'Iwwerhand, mee dierf de Bou net iwwerspanen"

Op d'Fro, wien déi rezent Gespréicher fir sech besser genotzt hätt, sot den Dozent vun de Universitéit Köln:

"Am Moment kann een natierlech soen, datt de Putin d'Iwwerhand huet, hie koum mat der Krim duerch, mat senger Roll am Donbass, an elo och mat sengem Ugrëff op d'Ukrain. Awer hien dierf de Bou net iwwerspanen, well hie soss riskéiert, komplett vum Westen isoléiert ze ginn."

Den ukrainesche President dogéint wier "vill méi ënner Drock", well seng Alliéiert ni d'Mëttel zur Verfügung gestallt hunn, fir de russeschen Ugrëff komplett zréckzeschloen.

RTL

Den Donald Trump hat de russesche President Wladimir Putin an Alaska invitéiert. / © AFP

Nei Weltuerdnung a Gefore fir Taiwan

De Klemens Fischer gesäit déi international Konsequenzen als staark impaktéiert:

"D'Katastroph ass, datt e Regierungschef et fäerdeg bréngt, mat Waffegewalt säi Gebitt z'erweideren. Gläichzäiteg kuckt China ganz genee op dëse Konflikt a benotzt en als Blopaus fir Taiwan."

Fir Europa heescht dat, esou den Expert, datt et endlech "eng eege Sécherheetsarchitektur" misst opbauen.

"Mir däerfen eis net méi nëmmen op den amerikanesche Schutzschierm verloossen."

D'Roll vu klenge Staate wéi Lëtzebuerg

Am Gespréich koum och d'Fro op, wéi eng Roll kleng Staate wéi Lëtzebuerg an enger neier Weltuerdnung spillen.

"Ech, als Éisträicher, an Dir, als Lëtzebuerger, komme vu Staaten, déi keng Marinn-Natioun sinn, am Häerz vum Kontinent leien a vun de Groussen ofhänken. Awer trotzdeem hunn esou Staate Rechter an eng Stëmm, well si Deel vun der EU a vun där gemeinsamer Sécherheetsarchitektur sinn."

Lëtzebuerg hätt sech bewosst géint eng Neutralitéit a fir d'NATO entscheet. Éisträich wier nach ëmmer neutral, géif awer och seng Contributioun an der EU leeschten.

"All kleng a mëttelgrouss Staate musse mat drécken, mee si hunn och d'Recht, d'Richtung matzebestëmmen."

RTL

Den Ausseminister Xavier Bettel war am Mee 2025 an der Ukrain. / © MAE

Kritik u grousse Staaten

Mat Bléck op déi lescht Gespréicher, wou just déi grouss EU-Staate mat um Dësch souzen, huet de Klemens Fischer sech kritesch geäussert:

"D'EU gouf ëmmer als eng Unioun konzipéiert, an där all Memberstaat gläichberechtegt ass. Wann een ufänkt, just d'grouss Staate virzeloossen, dann ass d'Iddi vun der europäescher Integratioun a Gefor."

Fir hien däerf et net zu enger "Opdeelung a Grouss a Kleng“ kommen:

"D'Kraaft vun der EU ass d'Gemeinsamkeet. D'Zomm vun alle Membere gëtt méi Gewiicht wéi all eenzelt Land. Wann déi kleng Staaten nëmmen nach matbezuelen, awer näischt méi ze soen hunn, dann ass de Projet verurteelt, ze scheiteren."

De Xavier Bettel ass e Mëttwoch den Owend Invité am Journal vun der Tëlee.