Belsch Post stoppt bis op Weideres d'Verschécke vu Päck an d'USA

© AFP
Well et nach Onkloerheete gi bei den neien Zoll-Reegelen an den USA huet d'national belsch Post Bpost decidéiert, keng Päck méi an d'USA ze verschécken.
Dëst wier eng temporär Mesure, wéi et heescht. "Vun e Freideg un huele mir keng Päck méi un, déi fir d'USA bestëmmt sinn", sou e Porte-parole vu Bpost e Mëttwoch géintiwwer der Noriichtenagence AFP a confirméiert domat entspriechend belsch Medieberichter. D'USA hate jo annoncéiert, dass ee beim Zoll keng Ausname géing maache bei Päck am Wäert vun ënner 800 Dollar (ronn 687 Euro). Dat heescht, sou den europäeschen Daachverband PostEurop, dass vum 29. August un all d'Päck an d'USA verzollt musse ginn.
Déi ni Reegel geet op en Dekreet vum US-President Donald Trump vun Enn Juli zeréck. Dora gouf festgehalen, dass all d'Päck "onofhängeg vun hirem Wäert, hirem Hierkonftsland, der Aart, wéi se transportéiert goufen, oder der Method, wéi se ageféiert goufen, musse verzollt ginn. Bis ewell huet dat awer net fir Päck mat engem Wäert vu bis zu 800 Dollar gegëllt. D'Detailer zu den neie Reegelunge wieren awer nach net gekläert, sou PostEurop.
Bei der belscher Post hätt een decidéiert, d'Clientë bis dohi vu méigleche Fraisen ze schützen. Bei Bpost hofft een awer, dass een de Service esou séier wéi méiglech nees ubidde kann.
Wéi PostEurop nach ënnersträicht, géifen déi nei Zoll-Reegelungen d'Postbüroe weltwäit betreffen. Deemno wéi wieren also och aner Entreprisë forcéiert, d'Verschécke vu Päck an d'USA temporär anzeschränken oder ze stoppen.