Ëmstriddene Siidlungsbau am Westjordan vun Autoritéiten accordéiert

© AFP/Archiv/Menahem Kahana
De Projet mam Numm E1 gesäit de Bau vun 3.400 Wunnengen am vun Israel occupéierte Westjordan vir a géif d'Palästinensergebitt an zwee Deeler splécken.
Datt den ëmstriddene Plang, deen d'lescht Woch vum rietsextreemen israeelesche Finanzminister Bezalel Smotrich presentéiert gouf, den Accord krut, huet de Buergermeeschter vun der Siidlung Maale Adumim, de Guj Jifrah, confirméiert. Dem Smotrich no wier de Siidlungsbau eng Äntwert op d'Annoncë vun enger Rei Länner, e palästinensesche Staat unerkennen ze wëllen."Déijéineg, déi haut e palästinensesche Staat unerkenne wëllen, wäerte vun eis sur place eng Äntwert kréien, a Form vu konkreeten Tatsaachen: Haiser, Quartieren, Stroossen a jiddesch Familljen, déi hiert Liewen opbauen", esou de Minister.
Eng ganz Rei Länner hunn déi israeelesch Pläng am Westjordan massiv kritiséiert an déi israeelesch Regierung dozou opgefuerdert, dës net ëmzesetzen. No internationalem Recht sinn d'israeelesch Siidlungen am Westjordan illegal. Ronn 500.000 Israeelie liewen an dësen, nieft ronn dräi Millioune Palästinenser. Den Ausbau vun de Siidlungen ass iwwer déi lescht Joerzéngte massiv geklommen, dat trotz Protester aus dem Ausland.
Ëmmer nees kënnt et am Westjordan zu gewalttätegen Attacke vun israeelesche Siidler op palästinensesch Dierfer.