An Europa sinn dëst Joer esou vill Krankheete wéi nach ni duerch Mustiken iwwerdroe ginn.

Dat geet aus den Zuele vum Europäeschen Zenter fir d'Präventioun an d'Kontroll vu Krankheeten (ECDC) ervir, déi e Mëttwoch publizéiert goufen. An Europa goufen zanter dem Joresufank ënner anerem 27 Ausbréch vum Chikungunya-Virus festgestallt. Europawäit hu sech 335 Persoune mam West-Nil-Virus infizéiert, eleng 274 an Italien. Am Ganze sinn 19 Persounen un de Suitte vun enger Infektioun gestuerwen.

Et géif ganz kloer e méi staarkt Verbreede vun iwwerdroene Krankheete ginn, déi duerch Mustike verursaacht gëtt, sou d'ECDC-Cheffin a fréier éisträichesch Gesondheetsministesch Pamela Rendi-Wagner. Dat wier eng "nei Normalitéit". De Grond dofir wier ënner anerem, well d'Duerchschnëttstemperature klammen, d'Wantere méi douce an d'Summere méi laang wieren.

Wéi d'ECDC-Zuele beleeën, kënnt déi fir d'Verbreede vum Chikungunya-Virus verantwortlech Tigerméck Aedes albopictus antëscht a 16 europäesche Staaten an 369 Regioune vir. Virun engem Joerzéngt waren et nëmmen 114 Regiounen. Eng alleréischte Kéier gouf de Virus zum Beispill am Elsass iwwerdroen. Eppes Aussergewéinleches, huet d'ECDC ënnerstrach. De Leit a betraffene Regiounen hu si geroden, hir Schutzmesurë géint Mustiken ze verstäerken, zum Beispill a Form vu Moskitospray, laangt Gezei undoen an Insektegitteren op Fënsteren an Dieren.