Europäesch Ënnerstëtzung bei de Friddensverhandlungen ass ee Schrëtt no vir
Mir brauchen e Plang, eng kloer Virstellung vun de Schrëtt, Rollen a Verantwortung vun allen Acteuren an dësem Krich, esou d'Olena Klopota.
Dat sot d'Member vun der ASBL LUkraine am RTL-Interview mat Bléck op déi lescht Entwécklungen an der Ukrain an op d’Friddensverhandlungen. Et géif nach ëmmer kee Waffestëllstand a kee klore Friddensaccord. Als wichtegst rezent Entwécklung gesäit si net d'Treffen tëscht Putin an Trump an Alaska, mee de Sommet zu Washington. Dat wéinst der Haltung vun Europa. Den ukrainesche President Selenskyj wier e Méindeg zu Washington vun enger staarker europäescher Delegatioun ënnerstëtzt ginn, fënnt d’Olena Klopota:
"Ganz alignéiert, ganz oppen, besonnesch nom Interview vum President Macron, dee ganz kloer gesot huet, wéi hien de Putin gesäit. Dat ass e grousse Schrëtt no vir, deen ee muss notzen, verbesseren an ausbauen."
Nom Sommet gouf decidéiert, datt et nach an den nächsten zwou Woche soll en direkt Treffen tëschent dem Kremlchef Putin a sengem ukraineschen Homolog ginn. Vill méi ewéi dat geplangte bilateraalt Treffen, ass awer bis elo net bei de Friddensgespréicher erauskomm. Eng Méiglechkeet fir de Krich ze stoppen ass der Olena Klopota no d'Dekolonisatioun vu Russland, fir d'Land esou bannent senge Grenzen ze stoppen.
"Kuckt op déi vill Nationalitéiten: Kaukasier, Tataren, Udmurten – dat sinn alles eenzel Natiounen, net Russen. Si goufen ënnerdréckt, hunn hir Kultur, Sprooch an Identitéit verluer."
D'Olena Klopota mengt, datt eng vereenegt europäesch a westlech Muecht kéint Russland an d’Positioun bréngen, wou et net méi ka weider aggresséieren. Datt d'Ukrain soll Territoiren opginn, fir de Krich op en Enn ze bréngen, ass an hiren Aen déi falsch Iwwerleeung.
"Wéi mir 2014 mat de Friddensverhandlungen ugefaangen hunn, gouf et Diskussiounen iwwer d'Krim, Donezk a Luhansk. Et gouf e Waffestëllstand mat enger Gestioun vun den Territoiren. Mee huet dat de Krich gestoppt? Nee, et huet en eskaléiert."
Territoiren opginn, wier net nëmmen ongerecht an ee Verstouss géint d’Verfassung, et géif d’Situatioun nach méi eskaléieren. Dat hätt ee geléiert.