Eng militäresch Dron war an der Nuecht op e Mëttwoch am polneschen Uert Osiny an e Maisfeld gefall an explodéiert.

Nodeems eng militäresch Dron am Oste vu Polen erofgefall ass, huet d'Regierung zu Warschau Russland fir de Virfall responsabel gemaach. Polen wier "eemol méi mat enger Provokatioun vu Russland konfrontéiert, mat enger russescher Dron", sou de polnesche Verdeedegungsminister Wladyslaw Kosiniak-Kamysz e Mëttwoch viru Journalisten. Zanter dem Ufank vum Ugrëffskrich virun iwwer 3,5 Joer war den NATO-Member Polen schonn e puer Mol vu Loftraumverletzungen duerch russesch Fluchobjete betraff.

D'Dron war den Autoritéiten no an der ronn honnert Kilometer südëstlech vu Warschau geleeëner Uertschaft Osiny an e Maisfeld gefall. Et koum an der Nuecht op e Mëttwoch zu enger Explosioun, dat hat d'Police matgedeelt. Affer gouf et deemno net, ma a Gebaier an der Ëmgéigend si Fënstere beschiedegt ginn.

Dem Parquet no handelt et sech beim entdeckten Objet "aller Warscheinlechkeet no" ëm eng Militärdron. Wouhier dës staamt, wier awer onkloer. D'Arméi hat matgedeelt, datt an der Nuecht op e Mëttwoch keng Verletzung vum polnesche Loftraum festgestallt gi wier.

Polnesch Medien, déi sech op Sourcen aus dem Verdeedegungsministère bezunn hunn, hu gemellt, datt et sech beim Objet ëm eng Versioun vun der russescher Gerbera-Dron handele géing, déi reegelméisseg zu Oflenkungszwecker bei russesche Loftattacken op d'Ukrain agesat gëtt.

Am November 2022 waren am polneschen Duerf Przewodow an der Géigend vun der ukrainescher Grenz zwou Persounen ëm d'Liewe komm, wéi eng ukrainesch Loftofwierrakéit erofgefall war. Zum Virfall war et komm, wärend Russland e puer Stied an der Ukrain bombardéiert hat. Gutt ee Joer drop war eng russesch Rakéit an de Loftraum vum NATO-EU-Member Polen agedrongen.