An der Antarktis kënnt et Klimafuerscher no den Ament méiglecherweis zu drastesche Verännerunge vun Äismassen a Mieresstréimungen.

An engem Artikel, deen e Mëttwoch an der Fachzäitschrëft "Nature" publizéiert gouf, warnt e Grupp vu Wëssenschaftler virun "neien Hiweiser op abrupt Ëmweltverännerungen an der Antarktis". Virop genannt ginn de Réckgang vum sougenannte Pakäis, d'Mieresstréimungen, déi méi lues ginn, d'Ofschmëlze vum antarkteschen Äisschëld an d'Gefore fir bestëmmt Aarte wéi d'Kaiserpinguinen.

Déi global Äerderwiermung géing der Schwell ëmmer méi nokommen, bei där esou e groussen Deel vun der Äisschicht schmëlze kéint, datt de globale Mieresspigel ëm op d'mannst dräi Meter steigen, an esou vun honnerte Millioune Leit bewunnt Küstegebidder ënner Waasser setze géif.

An der Antarktis hu sech "beonrouegend Unzeeche fir Verännerungen a Bezuch op d'Äis, den Ozean an den Ökosystem gewisen", sou d'Nerilie Abram, Fuerscherin vun der Australian National University an der Haaptstad Canberra, an eng vun den Haaptautorinne vun der Etüd der Noriichtenagence AFP géintiwwer. Verschidde Verännerunge wiere "schwéier opzehalen a wäerten Auswierkungen op nächst Generatiounen hunn". Donieft géif d'Etüd beleeën, datt d'Verännerunge matenee verknëppt wieren an de globale Klimawandel verschäerfe kéinten.

Esou géing de Réckgang vum Pakäis an der Antarktis-Regioun dozou féieren, datt manner Sonnestralung reflektéiert gëtt, wat dann d'Äerderwiermung verstäerke géif. An enger am Juni publizéierter Etüd huet de brittesche Polarfuerschungsinstitut (BAS) nogewisen, datt d'Populatioun vu Kaiserpinguinen an der Antarktis méi séier wéi virgesinn erofgeet, well d'Mass vum Pakäis zeréckgeet.

D'Auteure vun der aktueller Etüd weisen och nach drop hin, datt sech d'Mieresstréimungen, déi ëmmer méi lues ginn, an d'Schmëlze vum Äisscheld géigesäiteg verstäerken. D'Schmëlze vum antarkteschen Äisschëld léisst - am Géigesaz zum Schmëlze vum Pakäis - de Mieresspigel klammen.

Um Enn vun hirer Aarbecht schreiwen d'Fuerscher, den "eenzeg séchere Wee, fir de Risiko vun abrupten Ëmweltverännerungen" an der Antarktis ze verréngeren, wier eng "séier an déifgräifend Baisse" vun den Emissioune vum Zäregas CO2 am Verlaf vun dësem Joerzéngt. Zil misst et sinn, déi global Erwiermung méiglechst no beim 1,5-Grad-Zil, dat bei der UN-Klimakonferenz 2015 festgehale gi war, ze halen.