Méi wéi zwee Joer nom Krich tëscht der Arméi an dem Vizepresident Daglo senge Rebellen, kënnen d'Leit sech rëm ëm hir zerstéiert Haaptstad këmmeren.

Aarbechter, staatlech Organisatiounen a Fräiwëlleger raumen a botzen d'Stroossen. Si këmmere sech ëm dat, wat nom Biergerkrich nach iwwreg bliwwen ass. Schätzunge vun der UNO no soll eleng d'Rekonstruktioun vun de wichtegsten Elementer, wéi Schoulen a Spideeler, méi wéi 350 Milliounen Dollar kaschten. Fir Asazkräften ze mobiliséieren, hu si mat hirer Agence fir Entwécklung de Programm "Geld géint Aarbecht" ulafe gelooss.

Déi paramilitäresch Rebellen, déi sougenannt Rapid Support Forces, ugefouert vum Vizepresident Mohammed Hamdan Daglo, hate wärend dem Biergerkrich an de Kämpf mat der sudaneesescher Arméi kee Steen op deem anere gelooss. Bei hirem Réckzuch hu si déi ganz Stada méi oder manner zerstéiert. Elektresch Zentralen, all Kabelen, souguer d'Kanalisatioune goufen demoléiert. Méi wéi d'Hallschent vun de bal néng Milliounen Awunner ware geflücht. Déi, déi bliwwe sinn an iwwerlieft hunn, kämpfe mat Krankheete wéi Cholera.

Nieft zerstéierten Haiser, ausgebrannten Autoen an demoléierten Infrastrukture sinn och Iwwerreschter vu Munitioun e Problem. Net genotzte Patrounen a verstoppte Minne maachen d'Opraumaarbechte schwiereg a geféierlech. A ganz eriwwer ass de Krich och nach ëmmer net am afrikanesche Land. Trotzdeem soll awer de Quartier vun der Regierung, dee komplett zerstéiert gouf, schonn erëm opgebaut ginn. D'Situatioun wier entretemps stabel, an e klengt Alldagsliewe mat de wichtegsten Elementer wier erëm ze spieren. An de sudanesesche Premiere Kamel Idris ass der fester Iwwerzeegung, dass aus Karthum erëm eng stolz Haaptstad wäert ginn.