Mat Tool vu Copernicus Bëschbränn live matverfollegen

© ESA
Mat Hëllef vu Satellitte-Systemer, wéi dem CEMS (Copernicus Emergency Mapping Service), kann een d'Bëschbränn live suivéieren.
Südlech Länner vun Europa, besonnesch Spuenien a Portugal, si wéi all Joer vu Bëschbränn extreem betraff. Op d’mannst sinn 31 Doudeger gezielt ginn, déi Affer vun de Bëschbränn a Südeuropa gi sinn.
D’Bëschbränn an de südleche Länner vun Europa bréngen net nëmmen d’Déieren, mee och d’Landwirtschaft a Gefor. An d’Loftqualitéit gëtt ënner anerem och verschlechtert, wat natierlech der Gesondheet vum Mënsch och extreem schued.

Uewen: Orange Punkten deiten op d'Feier-Aktivitéit un. Ënnen: De Kuelestoff-Monoxid-Ausstouss ass extreem staark op der Ibeerescher Hallefinsel (17.08.25) / © ESA
Fir dës Problemer méi oder manner an de Grëff ze kréien, bidde Systemer wéi de CEMS mat Biller vu Copernicus iwwert de Sentinel-3-Satellit den Autoritéiten am Asaz eng zousätzlech Hëllef.

Damp-Wolleken iwwert der Ibeerescher Hallefinsel (17.08.25) / © ESA
D’Fotoe weisen Iwwerbléck vun der aktueller Situatioun
Vum Orbit aus kann ee mat de Satellitte genau gesinn, wou a wéini Feier ass. Ënner anerem kann een och en Iwwerbléck iwwer aner Katastrophe wéi Iwwerschwemmungen oder Äerdbiewen hunn.
An engems gesäit een den Ausmooss vun der Situatioun.

D'Landschaft vu Spuenien (uewen) a Portugal (ënnen). Brong: ofgebrannte Plazen. Orange an donkel-gréng: Feier an Damp. (16.08.25) / © ESA
De CEMS bitt, gratis an duerch reegelméisseg ugepasste Satellitte-Biller a "geospatial" Donnéeën, den Autoritéiten un, a katastrophale Situatiounen direkt anzegräifen. Dës Toolen erméiglechen esouguer Pläng, fir sech op potenziell Menacen ze preparéieren.
Héich Temperaturen an dréchene Buedem maachen et dem Feier einfach. D'Bëschbränn dreiwen de Klimawandel un - et ass en Däiwelskrees.