16.000 Fäll vu sexuellem Kannermëssbrauch an Däitschland am Joer 2024

© AFP Symbolbild
D'Zuel vun de Fäll vu sexuellem Mëssbrauch u Kanner bleift op engem héijen Niveau am Joer 2024.
16.354 Fäll goufen am Ganze bei eisen däitschen Noperen enregistréiert. Dat sinn der just liicht manner wéi d'Joer 2023, an deem Rekordzuelen erreecht goufen. De Bundesinneminister Alexander Dobrindt (CSU) huet vun alarméierenden Zuele geschwat. Souwuel d'Gesamtzuel vun de Fäll wéi och d'Afferzuel (18.085) louchen 2024 wäit iwwert dem Schnatt vun de leschte 5 Joer.
Knapp dräi Véierel vun den Affer vu sexuellem Mëssbrauch bei Kanner ware Meedercher (13.365), 4.720 Affer ware Jongen. A méi wéi der Hallschent vun de Fäll (56,9 Prozent) huet tëscht dem Affer an dem oder den Dotverdächtegen noweislech e Lien bestanen. Entweder waren et Frënn oder Familljememberen. Knapp een Drëttel vun de Verdächtege ware mannerjäreg an de Gros vun den Affer ënner 13 Joer.
Bei der Jugend-Pornographie gouf et d'lescht Joer esou vill Fäll wéi nach ni virdrun. 9.601 Fäll vun Hierstellung, Verbreeden, dem Verschafen oder dem Besëtz goufen enregistréiert. Dat waren der 800 méi wéi nach virun engem Joer. Bei der Kannerpornographie dogéint gouf et e Réckgang.
De Minister Dobrindt schwätzt vun engem inacceptabelen Niveau, deen een net einfach sou dierft hinhuelen. D'zoustänneg Autoritéite missten technesch esou ekipéiert ginn, "dass si Täter am Netz identifizéiere kënnen". An deem Kader wéilt d'Bundesregierung d'Späichere vu IP-Adressen aféieren, wat en "zentraalt Instrument wier, fir Kanner besser ze schützen an Täter viru Geriicht ze bréngen".