Israel mobiliséiert 60.000 Reserviste fir Offensiv a Gaza City

© AFP
D'Pläng vun Israel, fir d'Stad Gaza anzehuelen, ginn ëmmer méi konkret.
Den israeelesche Verdeedegungsministère huet dofir 60.000 Reserviste mobiliséiert an dat matten an de Friddensverhandlungen.
Ufank der Woch huet d'Hamas eng nei Propos fir eng Wafferou acceptéiert. Déi Propos vun de Vermëttler-Länner Ägypten a Katar gesäit, wéi och schonn d'Propos vun den USA, eng Wafferou vu 60 Deeg vir an d'Fräiloosse vun de Geiselen an zwou Etappen.
Israel huet bis elo net op déi Propos reagéiert. Den israeelesche Premier Netanjahu fuerdert weiderhin, datt all d'Geiselen, déi zanter gläich zwee Joer vun der Hamas gefaange gehale ginn, an enger Kéier fräigelooss ginn. Vu de ronn 50 Geiselen sollen der nach knapp 20 um Liewe sinn.
Verschidde Famille vun de Geisele fäerten, datt duerch de militäreschen Drock op d'Hamas de Risiko klëmmt, datt d'Geiselen net méi lieweg zeréckkommen. Anerer mengen, datt den Drock op d'Hamas grad muss erhéicht ginn.
Datt Israel seng Offensiv elo intensivéiert, respektiv erweidert, suergt och international fir schaarf Kritik. Den UN-Generalsekretär António Guterres huet e Mëttwoch op enger Konferenz a Japan op en Neits eng direkt Wafferou gefuerdert: "Ech muss op en Neits betounen, datt eng direkt Wafferou a Gaza absolutt noutwenneg ass an d'Fräiloosse vun de Geiselen ouni Konditiounen. Déi massiv Doudesfäll an Zerstéierung, déi ee Militärasaz an der Stad Gaza mat sech bréngt, muss evitéiert ginn."
Och den ëmstriddene Siidlungsprojet am Westjordanland, deen den israeelesche Finanzminister Smotrich d'lescht Woch presentéiert huet, misst gestoppt ginn: "D’Decisioun vun den israeeleschen Autoritéiten, den illegale Siidlungsbau ze erweideren, deen d'Westjordanland spléckt, muss réckgängeg gemaach ginn. All Siidlungsbau ass ee Verstouss géint dat internationaalt Recht."
De sougenannten E1-Projet gesäit de Bau vu ronn 3.400 Wunnenge fir israeelesch Siidler vir –dat tëscht dem Oste vu Jerusalem an der Siidlung Maale Adumim. Kritiker warnen, datt domat d'Iddi vun engem Palästinenser-Staat definitiv géing begruewe ginn.