US-Taxen op Autoe gi réckwierkend op 15 Prozent erof

© Photo by NICOLAS TUCAT / AFP
D'US-Taxen op Autoen aus der EU solle réckwierkend vum 1. August vun 27,5 Prozent op 15 Prozent erof goen.
Dat huet den Handelskommissär Maros Sefcovic en Donneschdeg zu Bréissel bei der Presentatioun vun enger gemeinsamer Erklärung vum Zollofkommes tëscht Washington a Bréissel matgedeelt.
Der Erklärung no hänkt d’Reduktioun vun den Taxen awer dovun of, ob d’EU hir Taxen op Industrie-Produiten aus den USA ofschaaft. Den US-President Donald Trump an d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen haten Enn Juli eng Eenegung am Handelssträit tëscht den USA an der EU ugekënnegt. Dës gesäit Taxe vu 15 Prozent op déi meescht EU-Produkter fir den Import an d’USA vir. Dësen Taux ass den 7. August a Kraaft getrueden. Fir Autoen haten d’EU an d’USA och eng grondsätzlech Reduktioun vu 27,5 op 15 Prozent ausgehandelt, déi awer vun den USA net direkt ëmgesat gouf.
An de leschte Wochen hu Vertrieder vu béide Säiten déi elo verëffentlecht gemeinsam Erklärung ausgeschafft, an där d’Detailer vun der Eenegung festgehale ginn. Do steet, datt d’Taxe fir Autoen aus der EU erof ginn, soubal Bréissel de Gesetzes-Prozess fir d’Ofschafung vun den Taxen op Industrie-Produiten an de vereinfachte a preferéierte Zougang op de Marché fir bestëmmte landwirtschaftlech US-Produkter lancéiert.
De Sefcovic sot dozou, d’Kommissioun géif "ganz intensiv“ dru schaffen, dëse Prozess nach am August unzefänken. Fir dëse Fall hätt him den US-Handelsminister Howard Lutnik zougeséchert, datt de Saz vu 15 Prozent fir EU-Autoe vum 1. August u gëllt. Dat géif "eiser Automobilindustrie hëllefen, weltwäit kompetitiv ze bleiwen“, huet de Sefcovic betount.
Den Text, deen elo verëffentlecht gouf, kläert awer net all Sträitpunkten. Sou enthält d’Dokument kee Verweis op Taxe fir Wäin- a Béierexporter aus der EU a Richtung USA, fir déi d’Kommissioun en Null-Prozent-Accord wollt duerchsetzen. Hei wieren d’europäesch Vertrieder "leider“ net erfollegräich gewiescht, sot de Sefcovic.
Béid Säite wieren averstanen, "ambitiéis dru weiderzeschaffen“, fir d’Konzept vun zollfräien Exporter "op aner Produkt-Kategorien auszebreeden“, esou eng Erklärung vun der Kommissioun. Dat gëllt dem Accord no fir Produite wéi Fligeren, Fligerdeeler oder chemesch Stoffer.