Kand kritt a Bus Schlësselunhänger vun Onbekanntem geschenkt a fënnt GPS-Tracker
En Dënschdeg gouf een 10 Joer aalt Meedchen an engem Tréierer Stadbus vun engem eelere Mann ugeschwat.
Der Polizeidirektion Trier no huet sech de Mann nieft d'Meedche gesat an huet dem Kand ee Schlësselunhänger mat engem klenge Petzi dru geschenkt an him gesot, hatt dierft e behalen.
Wéi d'Meedchen aus dem Bus erausgeklommen ass, huet hatt de Schlësselunhänger virwëlzeg ënner d'Lupp geholl. Dobäi ass him eng kleng Tirett opgefall. Wou hatt d'Tirett opgemaach huet, hat hatt bemol en GPS-Tracker am Grapp.
Dat 10 Joer aalt Kand huet de Schlësselunhänger mam GPS-Tracker direkt ewech geheit an huet seng Mamm alertéiert, déi doropshin d'Police iwwert de Virfall informéiert huet.
D'Tréierer Police hält sech fir den Ament zum Fall nach bedeckt. Dem aktuellen Ermëttlungsstand no wier de Mann warscheinlech kee "Kinderansprecher", ma de Fall hätt villméi aner Hannergrënn. D'Polizeidirektion Trier lueft iwwerdeems d'Meedchen a seng Mamm, déi "virbildlech reagéiert" hätten an et der Police esou erméiglecht hätten, séier ze ermëttelen.
En Donneschdeg géint 17 Auer war et vun der lokaler Police dunn d'Nouvelle, datt een de Mann mat Hëllef vu Videoopnamen vum betraffene Bus "zweiwelsfräi" hätt kënnen identifizéieren. De 64 Joer ale Mann hätt an enger éischter Auditioun dann och zouginn, dem Meedchen de Schlësselunhänger ginn ze hunn. Zu de genauen Hannergrënn gëtt weider ermëttelt, ma d'Police preziséiert nach emol, datt et keng Hiweiser op ee pedophilt Motiv géif ginn.