Presuméierten Täter vun Nord-Stream Sprengunge gouf an Italien festgeholl

© Photo by STEFAN SAUER / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Dräi Joer no der Sprengung vun de Pipelines an der Ostsee am baltesche Mier, ass elo e Verdächtege festgeholl ginn.
Den däitsche Parquet huet an Italien en Ukrainer festgeholl, deen de Koordinateur vun der Operatioun soll sinn, wéi et en Donneschdeg aus Karlsruhe heescht. Der italieenescher Police no soll de Mann 49 Joer al sinn. Als Numm hunn d'Ermëttler Serhij K. uginn.
D’Nord-Stream-Pipeline ënnert der Ostsee war gebaut ginn, fir russescht Gas an Däitschland ze transportéieren. Am September 2022 goufen d’Leitungen duerch Sprengsätz schwéier beschiedegt, zu deem Zäitpunkt waren se net a Betrib. Russland hat kuerz virdrun d’Gasliwwerungen iwwer Nord Stream 1 gestoppt, méiglecherweis als Reaktioun op westlech Sanktiounen wéinst dem russeschen Invasiounskrich an der Ukrain. Nord Stream 2 ass ni a Betrib gaangen.
Am Oktober 2022 huet den däitsche Parquet d’Enquête wéinst der Sabotage iwwerholl. Elo huet se éischt Erkenntnisser matgedeelt: E Grupp vu Persoune soll Sprengsätz bei der dänescher Insel Bornholm un d'Leitungen placéiert hunn. Fir den Transport hätte se eng Yacht benotzt, déi vu Rostock aus gestart ass. D’Yacht wier mat gefälschte Pabeieren iwwer Mëttelsleit bei engem däitsche Betrib gelount ginn. Den elo festgehale Ukrainer soll ee vun de Koordinatoren gewiescht sinn. Italieenesch Polizisten hunn hien en Donneschdeg an de fréie Moiesstonnen an der Provënz Rimini un der Adria festgeholl. Zu San Clemente hätt hien zesumme mat senger Famill e puer Deeg an engem Bungalow verbruecht. Hien hätt sech net gewiert, wéi d’Carabinieri hien festgeholl hunn.
De 49-Järegen ass an de Prisong zu Rimini bruecht ginn. Dräi Deeg virdrun hat den zoustännege Parquet vum Bundesgeriichtshaff zu Karlsruhe en europäeschen Mandat d'Arrêt ausgestallt. De presuméierten Täter soll un déi däitsch Autoritéiten iwwergi ginn Däitschland bruecht ginn an an dem Riichter virgefouert ginn. Hie gëtt verdächtegt, sech un enger gemeinsamer Sprengstoffexplosioun bedeelegt ze hunn. Him gëtt och verfassungsfeindlech Sabotage an d’Zerstéierung vu Bauwierker virgeworf.
Schonn virun engem Joer war en éischte Mandat d'Arrêt géint en anere verdächtegen Ukrainer bekannt ginn. Dee Mann war zu där Zäit a Polen, konnt sech laut der polnescher Justiz awer virun enger Festnam an d’Ukrain ofsetzen.
Déi däitsch Justizministerin Stefanie Hubig (SPD) huet vun engem „impressionanten Ermëttlungserfolleg“ vum däitsche Parquet geschwat. Si huet betount: "Mir stinn op der Säit vun der Ukrain.“ Der Ministerin wier wichteg, "dass mir e Rechtsstaat sinn an Strofdoten, déi an eiser Juridictioun begaange goufen, konsequent ënnersicht ginn.“D’Sprengung vun de Pipelines muss opgekläert ginn."