Den Donbass spillt eng zentral Roll an ass fir d’Ukrainer net ze verschenken.

Kramatorsk, am Südoste vun der Ukrain: wéi a ville Stied, vun den Territoire vun Donezk a Luhansk, gehéiert do de Krich schonn zanter Abrëll 2014, also gutt 11 Joer, zum Alldag. Besat, dann nees befreit, hunn d'Mënschen sech un den Donner vun der Artillerie gewinnt.

Natierlech ass d'Nouvelle och do ukomm, dat de Putin béid Territoiren, den Donbass revendiquéiert.

"Wa mir elo Territoire u Russland ofginn... A sechs Méint oder engem Joer, da wäerten se nees u Kraaft gewannen, a weider Regiounen anhuelen. Dës Barbare wäerten net ophalen, bis se mat Gewalt gestoppt ginn. Si kennen nëmmen d'Gewalt", sou de Vitalii, deen un der Front kämpft.

Aus militärescher Siicht gëtt et keng natierlech Grenz, kee Floss, kee Bierg, tëscht dem Donbass, an den Nopeschregiounen, Direktioun grouss Stied wéi Charkiw an Dnipro. Fir déi nei Grenz ofzesécheren, misst en neien Eisene Rideau gebaut ginn. Et ass keen Zoufall, dat grad des Regioun zanter elo 11 Joer am Mëttelpunkt vum Krich steet.

Virum Krich waren do praktesch 40 Prozent vun der Populatioun ethnesch Russen. Fir Moskau ass dat en Argument, Donezk a Luhansk z'annektéieren. De Sträit tëscht Russen an Ukrainer ëm dës Territoirë geet historesch gesinn op iwwer 100 Joer zeréck.

An da spillen d'Geologie an de Buedem nach eng kapital Roll. Zanter der sowjetescher Zäit ass den Donbass d'Häerz vun der ukrainescher Industrie. Vun där wäertvoller Anthrazitkuel, bis Eisenerz. Dobäi kommen nach vill méi wäertvoll Mineralie wéi Titan, Grafit a Lithium. Oder och enorme Reserven un Äerdgas.

"Dës Ressource gehéieren dem ganzen ukrainesche Vollek. Ech verstinn awer och, datt d'Land an enger ganz schwiereger Krichssituatioun ass an datt mir, fir ze gewannen, gewëss Konzessioune maache mussen", sou d’Ganna, eng Awunnerin vu Kiew.

Fir de russesche President Putin ass den Donbass virop en zentral Element fir seng Visioun vun engem "Groussrussland" a gëllt éischter als Rechtfäerdegung fir weider Aggressiounen. Et ass en Territoire, net grad zwee Mol sou grouss wéi d'Belsch, fir dee bannen de leschten 11 Joer Dausende Männer a Fraen hier Liewe ginn hunn. Fir eng Majoritéit vun den Ukrainer ass en net ze verschenken.