E Camion voll Sprengstoff an eng preparéiert Dron sinn explodéiert. Hannert den Dote stieche warscheinlech Terroristen aus dem Drogemilieu.

No bei der Stad Cali ass en Donneschdeg Nomëtteg e Camion explodéiert, dee mat Sprengstoff beluede war. Zil vun der Attack war eng Basis vu Militärfligeren. Den Autoritéiten no si bei deem Uschlag op d'mannst 6 Persoune gestuerwen, méi wéi 60 goufe blesséiert. Dem Buergermeeschter vun der drëttgréisster Stad am Land no wieren Terroristen aus dem Drogemilieu responsabel, a fuerdert gläichzäiteg eng "Militarisatioun" vu senger Stad. Bis op Weideres dierfe keng Camione méi duerch seng Stad fueren, a fir all Hëllef beim Fanne vun de Schëllege sinn 10.000 Dollar Belounung ausgesat.

De Minister vun der Defense gesäit den arméierten Aarm vun der EMC, e Säitegrupp vun de Farc-Rebellen als déi Haaptschëlleg. Dës Attack géint Ziviliste wier Ausdrock vun der Hoffnungslosegkeet am Kampf ëm d'Kontroll am Drogegeschäft, esou de Politiker weider.

Puer Stonne méi fréi war ronn 150 Kilometer vu Medellin ewech en Helikopter vun der Police mat Hëllef vun enger Dron erofgeschoss ginn. Kuerz virdru ware Polizisten ugegraff ginn, déi eng Coca-Plantage zerstéiere sollten. Tëscht 8 an 12 Doudeger soll deen Uschlag gefuerdert hunn, deen op de Kont vum Guerilla-Grupp Calarca soll goen.

Zanter 2022 ass de lénksgeriichte Gustavo Petro un der Muecht a Kolumbien, fréier selwer e Rebell. Nom historeschen Accord mat de Farc-Rebelle vu viru 6 Joer hat hie versicht, d'Friddensgespréicher tëscht de meeschten arméierte Gruppen am Land ze relancéieren. Déi meescht dovu sinn awer am Sand verlaf. Réischt am Juni war et bei enger Serie vun Uschléi zu 7 Doudesaffer komm.