Schweden wëll d'Kärkraaft am Land nees ausbauen

SMR-Modell vu Rolls Royce / © Rolls-Royce PLC/AFP
Schweden setzt op neiaarteg kleng modulär Atomreakteren, kuerz SMR.
Eng éischte Kéier zanter engem Joerzéngt soll also d'Kärkraaft a Schweden nees ausgebaut ginn. Wéi de Ministerpresident Ulf Kristersson matgedeelt huet, solle 5 bis 6 nei SMR-Kärkraaftwierker am Südweste vum Land entstoen.
Schweden hat sech 1980 an engem net verbindleche Referendum dofir ausgeschwat, aus der Atomenergie erauszeklammen. Zanterhier goufe 6 vun ursprénglech 12 Reakteren ofgeschalt. Déi, déi nach iwwereg sinn, decke ronn 30% vum schwedesche Stroumbedarf of. Antëscht ass eng politesch Majoritéit allerdéngs dofir, d'Kärkraaft nees auszewäiten.
SMR-Reaktere si méi kleng, dofir awer méi flexibel asetzbar. Fir déi geplangten SMR huet d'Regierung eng Leeschtung vu ronn 1.500 Megawatt uginn, wat zwee traditionelle Reakteren entspriechen.
Bis ewell sinn an der EU nach keng esou kleng Reakteren am Asaz. Nieft Schweden fuerscht och Frankräich an der Entwécklung.