Indien wëll Onlinespiller verbidden

© KARL-JOSEF HILDENBRAND / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Well ronn en Drëttel vun der Populatioun all Joer online vill Geld verléiert, wëllt déi indesch Regierung Bezuel-Spiller am Internet verbidden.
Viséiert si virun allem Poker-Sitten a Spiller aus dem Beräich "Fantasy Sports". Der Regierung no verléieren all Joer ëm déi 450 Millioune Leit ronn 2,3 Milliarden Dollar op deenen Appen. D'Ofhängegkeet, an déi domat verbonnen Zuel u Suicide wieren enorm.
Déi nei Reegelen
Dowéinst ass d'Gesetz iwwer d'Promotioun an d'Regulatioun vun den Onlinespiller en Donneschdeg den Owend adaptéiert ginn. Deemno riskéiert all Eenzelen oder Societéit, déi sou Spiller ubidden, eng Prisongsstrof bis zu 5 Joer. Mat Hëllef vun där Legislatioun sollen d'Ofhängegkeet, de Ruin an déi sozial Nout limitéiert ginn, déi esou Plattformen, déi mat falsche Versprieche grouss Gewënner virgaukelen, ausléise kënnen.
Et gëtt Ausnamen
Den indesche Marché ass ee vun de wichtegste weltwäit. Dat neit Gesetz gesäit awer och Ausname vir fir E-Sports a fir edukativ Spiller. Dës solle promovéiert gi mat de neie Reegelen. D'Acteure vum Secteur waren éischter fir eng Regulatioun an eng aner Besteierung wéi fir e Verbuet. Hirer Meenung wäerte Millioune Spiller sech elo via Offshore-Sitten un Operateure wenden, déi net vum indesche Reglement betraff sinn.
Verschidden Appen, an deenen den Nationalsport Cricket gespillt ka ginn, sponseren déi héchsten indesch Liga an d'Nationalekipp.