Den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz huet domat gedreet, Gaza Stad ze zerstéieren, wa bestëmmte Konditiounen net erfëllt gi vun der Hamas.

"Geschwë wäerten d'Dieren zur Häll iwwer de Käpp vun de Mäerder a Vergewalteger vun der Hamas zu Gaza opgoen – bis si de Konditioune vun Israel fir en Enn vum Krich zoustëmmen", schreift de Katz op de sozialen Netzwierker. Dozou gehéiert virun allem d'Fräiloosse vu sämtleche Geiselen an d'Entwaffne vun der Hamas. "Wa si net zoustëmmen, gëtt Gaza, d'Haaptstad vun der Hamas, zu Rafah a Beit Hanoun", heescht et weider. Béid Stied an der Gazasträif ware bei fréieren israeeleschen Asätz quasi komplett zerstéiert ginn.

Den israeelesche Regierungschef Netanjahu hat en Donneschdeg ordonéiert, dass direkt misst iwwer d'Fräiloosse vun de Geiselen verhandelt ginn. Fir dëst ze bekräftegen, huet hien nach betount, kuerz virun der Decisioun ze stoen, d'Pläng vun der Arméi, d'Stad Gaza ze eruewere mam Zil, géint d'Hamas ze gewannen, z'accordéieren.

Eng aktuell Propos, där d'Hamas eegenen Aussoen no accordéiert hat, gesäit d'Fräiloosse vun de Geisele vir – awer net vun all de Geiselen. D'Hamas wiere bereet, 10 lieweg an 18 doudeg Geiselen un Israel zeréckzeginn. Am Ganze ware jo 251 Persounen nom Ugrëff de 7. Oktober 2023 an d'Gazasträif verschleeft ginn. Nach ëmmer sinn 49 Geiselen an hirer Gewalt, ma nëmmen 22 sollen der Aschätzung vun der israeelescher Arméi nach um Liewe sinn.