Ronn eng hallef Millioun Leit géifen ënner katastrophale Konditioune liewen – d'Nout wier duerch déi systematesch Restriktioune vun Israel entstanen.

Déi éischt Hongersnout am Noen Osten ass offiziell fir de Regierungsbezierk Gaza, an deem och Gaza-Stad läit, deklaréiert ginn. Dat huet déi zoustänneg IPC-Initiativ (Integrated Food Security Phase Classification) matgedeelt. Si ass fir d'Aschätze vun Hongersnéit an der ganzer Welt zoustänneg. Membere si knapp zwou Dosen Organisatioune vun de Vereente Natiounen, grad sou wéi Hëllefsorganisatiounen.

Den IPC-Experten no géife sech méi wéi 500.000 Leit a katastrophalem Zoustand befannen. Ronn 132.000 Kanner ënner fënnef Joer wiere vun Ënnerernierung bedréit, 41.000 dovu wiere ganz urgent Fäll. D'Nout wier awer z'evitéiere gewiescht, wann Israel net permanent Hëllefsliwwerunge fir d'Populatioun géing blockéieren, heescht et weider am Communiqué.

Déi israeelesch Reaktioun huet net laang op sech waarde gelooss. Déi Beschëllegunge géifen op Lige vun der Hamas baséieren. Den Ausseminister behaapt, am Gaza géif et keng Hongersnout ginn. D'Initiativ hätt ee gefälschte Rapport verëffentlecht, deen op déi falsch Campagne vun den Hamas zougeschnidde wier.

Fir esou eng Nout ze deklaréieren, musse der Organisatioun no op d'mannst 20 Prozent vun de Stéit ënner extreemem Manktem u Liewensmëttel leiden, op d'mannst 30 Prozent vun de Kanner ënner akuter Mangelernierung leiden an all Dag op d'mannst zwee Erwuessener oder véier Kanner pro 10.000 Awunner un Honger oder Krankheet am Zesummenhang mat ze wéineg Iesswuere stierwen.