Däitsche Schauspiller Jimi Blue Ochsenknecht muss 18.000 Euro Geldstrof bezuelen

© AFP Archivbild
Et kéint ee jo mengen, als Schauspiller hätt een eventuell den néidege Portmonni fir säi "Luxusliewen" ze finanzéieren. Ma vläicht och net ëmmer...
Dat weist de Fall ëm den däitsche Schauspiller Jimi Blue Ochsenknecht, dee sech elo wéinst Bedruch huet misse viru Geriicht veräntweren. Jorelaang huet hien eng Rechnung un en Hotel an Tirol net bezuelt. Elo koum d'Strof viru Geriicht dofir.
Et koum allerdéngs net zu enger Verurteelung, well sech op eng Strof gëeenegt gouf. Domat gëllt den 33 Joer alen Acteur net als virbestrooft.
Vun Ufank vum Prozess virum Landgeriicht Innsbruck un huet sech den Ochsenknecht gestänneg gewisen. Hie wéilt déi komplett Verantwortung dofir iwwerhuelen, eng Rechnung no enger Gebuertsdagsparty an Héicht vu 14.000 Euro net bezuelt ze hunn. Wéi säin Affekot nach betount huet, hätt säi Mandant erkannt, dass hie sech falsch verhalen hätt, wann och spéit.
Den Jimi Blue Ochsenknecht war am Juni zu Hamburg festgeholl ginn, nodeems hien duerch en internationale Mandat d'arrêt gesicht gouf. D'Hotelsrechnung gouf eréischt deen Ament bezuelt.