En 8-Sekonne-laange Video ass enger KI duergaangen, fir enger Fra hir Stëmm erëmzefannen.

D'Sarah Ezekiel leit un enger motoneuronescher Krankheet (MND), déi dozou gefouert huet, datt si d’Sprooch-Fähegkeet verluer huet. Mathëllef vun engem ale, kuerze Video-Ausschnëtt, wou d’Fra nach geschwat huet, konnt d’KI der Fra hir Stëmm erëm opstellen.

Si huet hir Stëmm am Alter vu 34 Joer wärend si mat hirem zweete Kand schwanger war verluer. Si ass viru 25 Joer mat MND diagnostizéiert ginn.

D’Konsequenze vun der Krankheet sinn, dass d’Zong, de Mond an d’Rachen-Muskulatur geschwächt ginn, wat dozou féiert, datt déi betraffe Persoun d’Sproch-Fähegkeet komplett verléiert.

An de leschte Joren ass un enger Method geschafft ginn, déi hir Stëmm sollt simuléieren. De Simon Poole, en Expert vun der brittescher Entreprise Smartbox, sot, dass dës Technologie awer ob d’mannst en Audio vun enger Stonn gebraucht huet.

Beim Sarah Ezekiel war leider just een aacht Sekonne laange Video mat hirer Stëmm, zousätzlech dobäi nach, schwaach ze héieren, disponibel. De Poole huet dësen Ausschnëtt op New York bei KI-Sproochenexperte vun ElevenLabs geschéckt. Si hunn et hikritt, eng Stëmm z'erschafen, déi ganz no un der origineller Stëmm vum Ezekiel läit.

D'Sarah Ezekiel huet bal gekrasch a sot: “Et wier, wéi wann ech meng eege Stëmm zeréck hätt.”

Duerfir de Rot u Persounen, déi mat MND diagnostizéiert ginn: sou schnell wéi méiglech hir Stëmm ophuelen, fir eventuell déi selwecht Chance ze kréien, wéi d'Sarah Ezekiel.