Jonke Mann gouf schwéier duerch Explosioun vu Weltkrichsmunitioun verwonnt

Beispillfoto / © JOHN D MCHUGH / AFP
En Donneschdeg den Owend gouf zu Prüm d'Police alertéiert, nodeems en 19 Joer jonke Mann duerch d'Explosioun vu Krichsmunitioun schwéier verwonnt gouf.
De jonke Mann hat eng Panzerfaust aus dem 2. Weltkrich fonnt an huet déi mat heem geholl. Hei ass d'Zündelement lassgaangen an de Mann gouf uerg, ma net liewensgeféierlech blesséiert. E konnt aus eegener Kraaft nach an d'Spidol, dat awer och just, well d'Sprengladung u sech vun der Panzerfaust net explodéiert ass, ma just den Zünder. Soss wier dat ganzt anescht ausgaangen.
D'Police a Spezialiste vum Sprengkommando hunn den Terrain ënnersicht, wou de jonke Mann mat senger Famill wunnt, an huet do nach weider Munitiounsrechter fonnt a séchergestallt. Eng Gefor fir d'Nopere konnt ausgeschloss ginn, nodeems d'Material fachgerecht aus dem Verkéier gezu gouf.
De jonke Mann gouf wéi gesot verwonnt, ma domadder ass et elo nach net gehalen. Hie wäert sech musse wéinst dem Verdacht vun enger Strofdot nom Krichswaffekontrollgesetz veräntweren.
D'Police mécht dann och nach emol de Rappell, onbedéngt ze mellen, wann een al Krichsmunitioun fënnt. Trotz hirem Alter wier déi Munitioun nach ëmmer immens geféierlech, virun allem well se dacks staark verrascht an onstabil ass. Wann ee sou Munitioun fënnt, soll een direkt de Service déminage informéieren, respektiv d'Police, déi sech dann ëm alles këmmeren. Et soll een d'Munitioun net beweegen oder souguer mat heem huelen.