Israeelesch Kanner a Jugendlecher kréien Accès a Fräizäitpark refuséiert

© Photo by IDRISS BIGOU-GILLES / AFP
An engem Fräizäitpark an de franséische Pyrenäen ass et zu engem diskriminéierende Virfall komm.
150 israeelesch Kanner a Jugendlecher am Alter vun 8 bis 16 Joer kruten den Accès beim Park zu Porté-Puymorens refuséiert, obwuel se "laang virdru reservéiert" haten. De Responsabelen huet seng Entscheedung mat "perséinlechen Iwwerzeegungen" begrënnt.
E Virfall, dee fir grouss Opreegung suergt: De Parquet zu Perpignan huet eng Enquête wéinst reliéiser Diskriminatioun lancéiert. Den 52 Joer ale Responsabele vum Park gouf direkt verhaft a riskéiert bis zu dräi Joer Prisong.
Déi 150 Jonker waren u sech a Spuenien an der Vakanz a goufen nom Virfall op eng aner Plaz a Frankräich gefouert, dat a Begleedung vun der franséischer Gendarmerie.
Den Inneminister Bruno Retailleau huet an engem Interview um Sender BFMTV vun engem "gravéierende Virfall" geschwat, deen "net eise Virstellungen vun der Republik" sou wéi der Würd vum Mënsch géif entspriechen. De Retailleau hofft, dass d'Justiz an dësem Fall ganz streng agéiert.