Trump-Regierung publizéiert Entretien vun Epstein-Komplizin Ghislaine Maxwell

© Photo by HANDOUT / US District Court for the Southern District of New York / AFP
D'Maxwell huet ënnert anerem ausgesot, si hätt ni en onpassend Verhale vum US-President Donald Trump observéiert.
Am Skandal ronderëm de Sexualstroftäter Jeffrey Epstein huet den US-Justizministère d'Transkriptiounen an d'Opzeechnunge vun der Befroung vun der fréierer Epstein-Komplizin Ghislaine Maxwell verëffentlecht. Déi Verurteelt, déi den Trump an den 90er getraff huet, huet ausgesot, si hätt ni en onpassend Verhale vum US-President Donald Trump observéiert. Den Trump wier ëmmer "ganz häerzlech a ganz léif" mat hir gewiescht, sou d'Ghislaine Maxwell an Opzeechnungen, déi e Freideg verëffentlecht goufen. "Ech hunn hie gär, ech hat hien ëmmer gär", huet si weider gesot an och betount, dass si et bewonnert, dass hie President ginn ass.
"Ausser den Nimm vun den Affer ass all Wuert dran", sot den stellvertriedende Justizminister Todd Blanche, deen d'Befroung duerchgefouert huet, op der Plattform X. "Näischt gouf ewech gelooss. Näischt verstoppt," sot hien. Dat géif am "Interessi vun der Transparenz" geschéien. De Blanche war fréier perséinlechen Affekot vum haitegen US-President.
Op d'Fro vum Blanche, ob si jeemools vum Jeffrey Epstein oder engem aneren héieren hätt, dass den US-President Donald Trump sech onpassend vis-à-vis vu Leit an sengem Ëmfeld verhalen hätt, huet Maxwell geäntwert: "Absolut ni, a kengem Zesummenhang."
Den Opzeechnungen no huet si och betount, dass si net géif gleewen, dass den Jeffrey Epstein Selbstmord begaangen huet. Si huet awer keng Aussoen dozou gemaach, wien fir den Doud vun hirem fréiere Partner responsabel kéint sinn.
Den Epstein, e verurteelt Sexualstroftäter, gouf 2019 erhaangen an enger Prisongszell zu New York fonnt. Him gouf virgeworf, vill Meedercher a jonk Frae mëssbraucht an u Prominenter weidervermëttelt ze hunn. Den Donald Trump, deen dem Jeffrey Epstein Berichter no fréier no soll gestanen hunn, war an der Affär ënner Drock geroden, well seng Regierung net wéi versprach Liicht an de Skandal bruecht huet.
Fir seng Unhänger ze berouegen, hat den Trump d'Verëffentlechung vu juristeschen Dokumenter ugekënnegt. Den Entretien vum Ghislaine Maxwell war en nächste Schratt am Versuch vun der Trump-Regierung, seng rosen Trump-Unhänger ze berouegen.
D'Maxwell gouf Enn 2021 als Member vun engem Grupp u Sex-Trafikanten ronderëm den Epstein verurteelt a sëtzt aktuell eng 20 Joer laang Prisongsstrof of. No der Befroung gouf déi 63-Järeg an e Prisong mat méi angeneeme Konditioune verluet.
Am Gespréich huet Maxwell och dementéiert, dass den Jeffrey Epstein eng "Clientslëscht" gefouert hätt. Dem Trump seng Justizministerin Pam Bondi hat ufanks vun enger Lëscht vu prominente "Cliente" geschwat, deren Existenz awer Ufank Juli dementéiert gouf.
Den Affekot vum Maxwell, den David Markus, huet no der Befroung am leschte Mount erkläert, si wier iwwert "alles" befrot ginn, "wat ee sech nëmme virstelle kann". Seng Mandantin hätt "all eenzel Fro beäntwert", ouni op Contenuen anzegoen. Zu enger Reduktioun vun der Strof wier et allerdéngs net komm, sou den Affekot weider.