Friddensverhandlungen iwwert d'Ukrain dierften nach op sech waarde loossen

E Freideg huet den Donald Trump gemengt, hie géif elo mol ofwaarden ob et iwwerhaapt zu engem Treffen tëscht Wladimir Putin a Wolodymyr Selenskyj kënnt.
Hie wier och net sécher, ob hie beim engem Dräier-Treffen misst derbäi sinn, huet de Republikaner virun der Press gemengt. Éischter net. Dës Entrevuë gëllen allerdéngs nom Alaska-Treffen mam russesche Staatschef als Viraussetzung, datt et zu engem Friddensaccord an der Ukrain komme kéint.
An de leschten Deeg hat Russland seng Attacken op d'Ukrain éischter nach verstäerkt souguer. Och bei dëser Fro vun de Sécherheetsgarantien gëtt et Problemer. Eng Rei europäesch Länner an och d'USA wëllen net ze vill an d'ukrainesch Arméi investéieren. An engems hält Moskau u senge Maximalfuerderungen fest.
D'Ukrain dierft net an d'NATO opgeholl ginn a misst Russland Territoiren ofginn. Dat misst virun engem eventuellen Treffen tëscht Putin a Selenskyj gekläert ginn.