Virun enger Woch war an Alaska de Sommet vun Trump a Putin, dee sollt zu enger Léisung féiere vum Ukrain-Krich.

Dat ass awer bis haut net de Fall. Weder si bis ewell am Weste méiglech russesch Konzessioune bekannt, nach huet d’Ukrain konkret Sécherheetsgarantië kritt fir de Fall vu Verloscht vun Territoire. Och eng Wafferou ass virleefeg vum Dësch. Wou ass de Konflikt drun? De Petz Bartz mat Explikatiounen.  
 
Vum Aussätzege gouf de Wladimir Putin an Alaska zeréck op d'Weltbün katapultéiert an um rouden Teppech esou feierlech empfaange wéi soss an de leschte Joren héchstens a Belarus oder Nordkorea. Et war d'office eng kloer Victoire fir de Kreml, ouni dass een och nëmmen ee Rubel dofir bezuelt hätt.

De Sergey Radchenko – Politolog, Johns Hopkins University:
"Dat interessantst fir mech ass, wat mat der ganzer wirtschaftlecher Komponent geschitt ass. Et sollt ee Schlësselelement sinn, fir Drock op Russland ze maachen an de President Trump hat selwer mat Konsequenze gedreet. Streng Konsequenzen hat hien ugekënnegt fir de Fall, dass Russland net d'accord wier, de Krich op en Enn ze bréngen. Dat huet hien de Reporter nach gesot op sengem Wee an Alaska. Wat hu mer no Alaska? Näischt, absolut näischt a punkto weidere Menace vun zousätzleche Sanktioune vu Säite vun den USA."

D'Heather Grabbe – Politologin am Think-Tank Bruegel, Bréissel:
"Den Trump huet d'Wafferou als eng vu senge Schlësselkonditiounen am Meeting mam Putin einfach vum Dësch geholl. Dat heescht Russland schéckt weider Rakéiten an Dronen an d'Ukrain. A Russland gewënnt och weider Territoire. Et gëtt keng Zäit ze verléieren, fir bei eng Wafferou an dann e Friddensaccord ze kommen. Dem Trump seng Verdréiunge vun der Wourecht verlängeren de Konflikt. 
Net iwwerraschend goung de Krich dann och déi lescht Woch weider, verstäerkt mat géigesäitegen Attacken op Energieinfrastrukture wéi Raffinerien a Pompelstatioune vu Pipelinen."

Den Dmitry Zhdannikov – Reuters:
"Raffinerië sinn e komplext Stéck Equipement. Dir trefft ee klengen Deel an de ganze Prozess ass entgleist. Russland raffinéiert d'Hallschent vu senger Pëtrolsproduktioun, de Rescht gëtt exportéiert. Bannent de leschte Woche si Raffinerien ausgefall. Am Land ka vill manner raffinéiert ginn. Russland muss deemno méi Pëtrol exportéieren, fir d'Balance ze halen. Dat ass net einfach wéinst de Sanktiounen a China an Indien, déi wichtegst Mäert, si limitéiert mat deem, wat se kënnen huelen."

De Problem ass, dass dem Putin seng Wirtschaft elo op den éiwege Krich ausgeriicht ass. Wann et géif eng Wafferou ginn an e Friddensofkommes, da wier dat schwiereg fir säi Regime, fir de soziale Fridden a Russland ze halen ouni déi Krichswirtschaft weiderzeféieren. Dat heescht, et besteet genuch Motivatioun, fir de Krich iergendwou weiderzeféieren, an dat ass déi schlecht Noriicht fir déi europäesch Sécherheet.

Bei Rostow um Don goufen des Woch Schoulkanner forméiert, ebe grad fir dee Krich weiderzeféieren, respektiv mat enger verlängerter Krichsbereetschaft vun hirer Heemecht ze liewen. Natierlech si bei deene Coursen och Patriotismus a Nationalismus Thema. D'Kanner hunn tëscht 8 a 17 Joer a gräifen déi staatlech inzenéiert Gehierwäsch guttgleeweg op, quasi als Spill. Et ass en enormt Resultat, wann ee bedenkt, dass dat Ganzt virun dräi an engem halwe Joer mat engem normale Militärmanöver a Belarus ugefaangen hat an nach ëmmer offiziell nëmme vun enger sougenannter spezieller Militäroperatioun geschwat gëtt.