Et ass e Saz, deen een iwwer Wochen, iwwer Méint, ëmmer nees héiert: Déi humanitär Situatioun an der Gazasträif gëtt ëmmer méi schwéier.

Dat seet och Médecins sans frontières. Et hätt ee rar esou en Niveau u Brutalitéit erlieft. Méiglecherweis esouguer nach ni, seet den Thomas Kaufmann, Direkter vu Médecins sans frontières Lëtzebuerg (MSF). Dobäi existéiert MSF schonn iwwer 50 Joer an ass net fir d’éischt an engem Krichsgebitt am Asaz. Et hätt ee vill Kricher gesinn, Genoziden erlieft, mee dëst wier eng Situatioun, déi extrem komplex a schwéier wier.

MSF an der Gazasträif / Reportage Diana Hoffmann

Et ass net déi éischt israeelesch Attack op Secouristen, iwwert den duebele Beschoss vum Nasser-Spidol zu Kahn Younis an der Gazasträif ass een awer besonnesch schockéiert. Net just wier e Spidol attackéiert ginn, mee mat enger zweeter Rakéit goufe Secouriste getraff, déi do waren, fir den Affer ze hëllefen. Och eng 20 Mataarbechter vun MSF schaffen am Nasser-Spidol. Zu der Rechtfäerdegung vun der israeelescher Regierung fir esou Attacken, dass een Terroristen am Viséier gehat hätt, wëllt MSF sech net äusseren. Just esou vill wollt den Thomas Kauffmann dozou soen: "Médecins sans frontières ass eng humanitär Organisatioun, déi fir d’Zivilbevëlkerung schafft."
 
Déi israeelesch Attacke géinge sech intensivéieren, stellt den Direkter vun MSF Lëtzebuerg fest. Antëscht wier keng Plaz an der Gazasträif méi sécher. Och humanitär Plazen, wou net geschoss gëtt, géingen et keng méi ginn. Aktuell funktionéiert keng Klinik esou wéi se soll. Et géing u Material a Medikamenter feelen. Generell kéim déi humanitär Hëllef ëmmer nach net bei der palästinensescher Bevëlkerung un.

Politeschen Drock misst erhéicht ginn

Vun der internationaler Communautéit erwaart den Thomas Kauffmann sech, dass se Responsabilitéit iwwerhëlt an Drock op Israel mécht, fir dass d’Land mat den Attacken op Spideeler an op d’Zivilpopulatioun ophält. Antëscht wier all Land bewosst, wat an der Gazasträif grad géing passéieren. Dëst wier net ze justifiéieren. "Mir sinn um Enn vun deem, wat déi humanitär Hëllef ka maachen ukomm", mengt den Thomas Kauffmann. Et géing ee permanent bei der Aarbecht behënnert ginn.
 
Prioritéiten, wat muss elo passéieren, si fir den Direkter vun MSF Lëtzebuerg schwéier ze definéieren, well een op alle Fronten ze kämpfen hätt. D’Ernärung, déi medezinesch Verfleegung, souwéi och déi medezinesch Evakuatioun. Op der Lëscht fir Evakuatioune stéingen aktuell iwwer 14.000 Nimm. All Mount géingen awer net méi wéi 100 Mënschen evakuéiert ginn.
 
Fir Médecins sans frontières schaffen de Moment 900 palästinensesch Mataarbechter op der Plaz. 30 bis 40 sinn aus anere Länner. Och fir si ass d'Situatioun ëmmer méi schwéier. "D'Majoritéit vun eise Kolleege si Palästinenser. Si hunn hir Famill, hir Frënn, hiert Liewen an der Gazasträif", präziséiert den Thomas Kauffmann. Si sinn also souwuel professionell, wéi och privat concernéiert. Vill hätte wärend Deeg näischt giess a géingen trotzdeem schaffe kommen.