Fënnef Persoune bei Messerattack zu Marseille blesséiert

© Photo by DANIEL PERRON / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
Zu Marseille sinn en Dënschdeg fënnef Leit bei enger Messerattack blesséiert ginn, eng dovunner schwéier.
Fënnef Persoune sinn en Dënschdeg am Zentrum vu Marseille bei enger Messerattack blesséiert ginn, dorënner eng Persoun, déi sech elo a "kriteschem Zoustand" befënnt, esou e Procureur géintiwwer der Press op der Plaz.
Beim Ugräifer soll et sech ëm en Tunesier handelen, dee mam Messer de Gerant vun engem Hotel ugegraff huet, nodeems dësen hien aus deem Hotel wéinst net-bezuelte Rechnungen ausgewisen huet. Den Täter huet och de Jong vum Gérant, en anere Client vum Hotel souwéi och zwee Leit op der Strooss wärend senger Attack blesséiert, esou de Procureur.
D'Police huet séier intervenéiert an den Ugräifer op der Plaz erschoss. Den Inneminister Bruno Retailleau wäert am Owend op Marseille fueren, fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen.