Xi Xingping bezeechent China als "net opzehalen"
Déi chineesesch Natioun géif weider wuessen an de Fridden an d'Entwécklung vun der Mënschheet géingen triumphéieren.
Aktuell stéing d’Welt virun der Wiel tëscht Fridden a Krich, Konfrontatioun oder Dialog. China wier iwwerdeems "net ze bremsen". Dat alles sot de chineesesche President Xi Xingping zum Optakt vun enger grousser Militärparad zu Peking, am Kader vum 80. Joresdag vun der Kapitulatioun vu Japan am Zweete Weltkrich.
Haapt-Invitéë sinn de russesche President Putin, an den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un. Eppes, wat Experten no eng héich symbolesch Kraaft hätt. Bis ewell ware Putin a Kim nach ni zäitgläich a China invitéiert.

© JADE GAO / AFP
Vum US-President Donald Trump ass et de Reproche, déi dräi wieren amgaang, géint d'USA ze konspiréieren. Dozou géing dann och passen, dass de Rôle, deen d'USA am Zweete Weltkrich gespillt hunn, a Russland an a China mëttlerweil géing verfälscht duergestallt ginn, heescht et vu Washington.