OpenAI annoncéiert Kannersécherung fir ChatGPT

© AFP
D'Eltere sollen ënner anerem hiren Account mat deem vun hirem Teenager kënne verbannen a Verhalensreegele festleeën.
D'Entreprise OpenAI, déi sech op kënschtlech Intelligenz spezialiséiert huet, huet eng Kannersécherung fir hire populäre System ChatGPT annoncéiert. "Bannent dem nächste Mount" kréien d'Elteren d'Méiglechkeet, hire Konto mat deem vun hirem Kand am Teenageralter ze verbannen, esou OpenAI en Dënschdeg. An de leschte Wochen haten d'Eltere vun engem 16 Joer jonken Teenager d'Entreprise verklot, well si ChatGPT verantwortlech fir den Doud vun hirem Jong maachen.
OpenAI huet erkläert, d'Eltere kéinten an Zukunft "kontrolléiere kënnen", wéi ChatGPT op hir Duechter oder hire Jong reagéiert, andeem si d'Verhalensreegele fir den Chatbot, dee mat KI bedriwwen ass, festleeën. Elteren, déi den Account vun hirem Kand mat hirem verbannen, sollen och vun ChatGPT benoriichtegt ginn, wann d'Software eng "akut Noutlag" unhand vun de Parameteren, déi d'Eltere virginn hunn, feststellt.
Scho virum Selbstmord vum Teenager waren an de leschte Méint änlech Fäll bekannt ginn, bei deene User vu ChatGPT a "geféierleche Gedankegäng" bestäerkt goufen.
OpenAI huet och matgedeelt, datt ee géif dru schaffen, fir den Chatbot méi sécher ze maachen. Ënner anerem, andeem ee fir verschidden "kriddeleg Konversatiounen" mat User un e sougenannten "Reasoning-Sprochmodell" weidergeleet gëtt. Dat ass e méi opwännegt KI-System, wat dorop ausgeluecht ass, fir komplex Denkaufgaben ze léisen. Tester hu gewisen, datt dës System "Sécherheetsmodeller méi konsequent duerchzitt".
D'Eltere vum 16 Joer jonken Teenager, dee sech a Kalifornien ëmbruecht hat, haten erkläert, datt ChatGPT eng "enk Bezéiung" zu hirem Jong opgebaut hätten. Dësen hat am Laf vun der Zäit eng "ongesond Ofhängegkeet" entwéckelt. Ënner anerem hat den Chatbot dem Teenager geschriwwen, hie wier kengem schëlleg, "fir ze iwwerliewen" an offréiert, him ze hëllefen, de leschte Bréif opzesetzen. Den Chatbot hätt den Teenager och moralesch ënnerstëtzt, fir sech d'Liewen ze huelen, an huet him genee virginn, wéi et kéint goen.
D'Eltere verkloe ChatGPT op Dedommagement a fuerderen, datt Sécherheetsmesuren an den Chatbots mussen agefouert ginn, déi ënner anerem Gespréicher iwwer Themen, wéi sech selwer ze verletzen, automatesch ofbriechen.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu