Trump iwwer Chicago: "Mir ginn dohinner"

Als "Hellhole" (Wuertwiertlech "Lach vun der Hell") huet den US-President d'Stad Chicago bezeechent.
En Dënschdeg huet den Donald Trump matgedeelt, datt een Nationalgard an d'Stad, déi vun den Demokrate regéiert gëtt, wäert schécken.
"We're going in" (Wuertwiertlech "Mir ginn eran") esou de republikanesche President géintiwwer Reporter. Hei wier bereet, fir Truppen an d'Stad am US-Bundesstaat Illinois ze schécken. Datt hei just Stied géif viséieren, déi vu politesche Géigner gefouert ginn, deem huet den Donald Trump widdersprach.
"Et ass keng politesch Aktioun", esou den US-President, deen déi kriminell Statistike vun Chicago opgelëscht huet. "Ech hunn eng Obligatioun, wann 20 Persoune wärend de leschten zwou an enger hallwer Woch ëmbruecht a 75 duerch Kugele blesséiert goufen."
Den US-President, deen eréischt am August Truppen op Washington DC geschéckt huet, refuséiert awer ze soen, wéini genee hien d'Nationalgard an d'Stad Chicago wäert ordonéieren. Esouwuel de Buergermeeschter vun Chicago wéi och säin Amtskolleeg vu Baltimore, dat och am Viséier vum US-President ass, refuséieren den Asaz vun den Zaldoten an hirem Zoustännegkeetsberäich.
"Chicago ass e Lach vun der Hell. Baltimore ass e Lach vun der Hell," esou den Trump. Kuerz virun den Aussoe virun der Press hat de President op Truth Social geschriwwen, datt een "de kriminelle Problem (zu Chicago) séier léise wäert. Esou wéi zu Washington DC".
Hien huet Chicago als déi "schlëmmst a geféierlechst Stad op der Welt" bezeechent. De Gouverneur vun Illinois brauch Hëllef, "och wann hien dat nach net weess", esou den Donald Trump. Dësen hat dem US-President virgeworf, eng Invasioun virzebereeden.
De Buergermeeschter vun Chicago Brandon Johnson huet schonn e puer Mol gesot, datt hie keng Zaldoten an der Stad wéilt hunn. "Mir wäerten dëse Kampf a ganz Amerika ausféieren, mä elo musse mir eist doheem als éischt verdeedegen". Zu Chicago waren d'Leit schonn op d'Strooss géint dem Trump seng méiglech Pläng gaangen. "Aarbechter viru Milliardären", stoung op de Schëlder ze liese vu Leit, déi sech dem US-President senger Iddi, Zaldoten am eegene Land géint d'Populatioun anzesetzen, widdersetzen.