En Dënschdeg, wärend d'Rettungsaarbechten op ville Plaze grad emol ugefaangen hunn, gouf et am Afghanistan e weidert Äerdbiewen.

E Sonndeg hat en Äerdbiewen, dat eng 6 op der Richterskala erreecht hat, den Oste vum Afghanistan getraff a bis ewell 1.400 Doudeger an iwwer 3.100 Blesséierter verursaacht.

Wärend d'Opraum- an d'Rettungsaarbechten op ville Plaze lafen oder grad eréischt ugefaangen hunn, huet e weidert d'Biewe mat enger Stäerkt vu 5,2 d'Regioun getraff. Bis ewell ass net bekannt, ob et weider Doudesaffer gëtt oder op gréisser Schied entstane sinn, heescht et vum Chef vum Katastropheschutz Ehsanullah Ehsan. Deen huet awer confirméiert, datt esou Nobiewen näischt Aussergewéinleches sinn.

Trotzdeem leit d'Populatioun an de betraffene Regiounen ënnert dësem Äerdbiewen. Vill vun de Leit sinn aarm an elo nach méi op humanitär Hëllef ugewisen, déi awer a ville Länner op der Welt, grad awer an den USA, aktuell massiv gekierzt gëtt.

D'Regierung am Afghanistan, déi vun den Taliban gefouert gëtt, ass bis dato just vu Russland unerkannt ginn. Trotzdeem hu verschidde Länner wéi England annoncéiert, datt ee Gelder fir Hëllefsgidder deblockéiere wëll an vill Organisatiounen, dorënner d'Rout Kräiz an de Rouden Hallefmound, hunn zu Spenden opgeruff.

Äerdbiewe sinn an der Regioun ëm den Hindou Kouch keng Seelenheet am Afghanistan. Zanter dem Joer 1900 gouf et 12 Äerdbiewen, déi méi staark wéi 7 op der Richterskala waren. Dëst ass awer bis ewell déi déidlechst Naturkatastroph vun dëser Aart an de leschte 25 Joer am Land.