Russland huet an der Nuecht op e Mëttwoch op en Neits massiv Loftattacken op d'Ukrain lancéiert.

Wéi et vum ukrainesche Militär heescht, wiere virun allem de Westen an den Zentrum vum Land viséiert gewiescht. 502 Dronen a 24 Rakéite goufe gezielt.

An néng Regioune vum Land war de Loftalarm stonnelaang ze héieren. An der Regioun Kirowohrad am Zentrum vum Land gouf eng net genee genannten Zuel vu Leit blesséiert, ënnert hinne fënnef Mataarbechter vun der ukrainescher Bunn. A ville Stied uechter d'Land gi Schied u Gebaier an un der ëffentlecher Infrastruktur gemellt.

Well en Deel vun den Ugrëff no bei der polnescher Grenz war, huet Polen seng Loftwaff aktivéiert, fir säin eegene Loftraum ze schützen. Wéi et vum polnesche Militär op X geheescht huet, wieren déi eege Fligeren a Fligere vun Alliéierten dofir am Asaz gewiescht.