Kanzler Merz wëll op d'mannst 5 Milliarde pro Joer beim Biergergeld spueren

5 Milliarden Euro wiere ronn 10 Prozent vun deem, wat eis Noperen aktuell all Joer u "Bürgergeld" ausginn.
Mat der Ausso, datt een 5 Milliarden Euro beim Biergergeld all Joer wëll spueren, huet den däitsche Kanzler senger Sozialministesch Bärbel Bas eng kloer Virgab ginn. "Nach ëmmer sinn ech fest dovun iwwerzeegt, datt sech zéngt Prozent an dësem System aspuere loossen", esou de Mäerz géintiwwer Sat1.
D'Käschte fir d'"Bürgergeld" leien aktuell bei ronn 50 Milliarden Euro am Joer. Op Nofro huet de Mäerz confirméiert, datt datt een do ronn fënnef Milliarde wëll spueren. "Dat ass ee Montant, muss méiglech sinn. Also wa mir eis net méi trauen, an engem Tranfersystem, dat an déi falsch Richtung leeft, zéng Prozent anzespueren, da versoe mir virun dëser Aufgab." Déi zéng Prozent wier fir den däitsche Kanzler de Minimum, deen agespuert misst ginn.
D'CDU an d'CSU drängen an Däitschland op eng Reform vun de Sozialsystemer, wéi et och am Koalitiounsvertrag mat der SPD festgehale gouf. D'Sozialiste wëllen allerdéngs d'Leeschtungen net kierzen an den aktuellen Niveau vum Sozialschutz bäibehalen. De Kanzler war am Interview awer zouversiichtlech, datt déi vun him envisagéiert Spuerziler och vum Koalitiounspartner matgedroe kënne ginn. Well och bei der SPD sinn déi deels "mafiaänlech Strukture" am System vum Biergergeld Thema.
D'Sozialdebatt gëtt awer bei den zwou Regierungsparteien mat schaarfe Wieder gefouert. D'Sozialministesch Bas hat d'Spuermesuren als "Bullshit" bezeechent. De Friedrich Merz huet a sengem Interview dëse Wuertlaut kritiséiert.
Mat der Aarbecht, déi seng Regierung bis ewell hikrut, ass de Bundeskanzler zefridden. Zesumme mat der SPD hätt d'Unioun scho "vill hikritt". Et misst awer nach vill gemaach ginn. "Ech weess, wat mir maache mussen", esou de Merz. E Mëttwoch kommen d'Spëtze vun de Koalitiounsparteie beim Merz am Kanzerlamt fir eng Reunioun zesummen. Hei solle konkret Pläng fir déi nächst Méint ausgeschafft ginn.