Zanter dem Ufank vum Krich an der Gazasträif viru bal zwee Joer hunn den Zuele vun der UNO no op d'mannst 21.000 Kanner en Handicap erlidden.

Kuckt ee sech d'Gesamtzuel un, goufen eng 40.500 Kanner duerch de Krich blesséiert, esou den UNO-Rot fir de Schutz vun de Rechter vu Mënsche mat engem Handicap.

Mënsche mat engem Handicap leide besonnesch ënner de katastrophalen humanitäre Konditiounen an der Küsteregioun, esou de Gremium. Dacks hätte si keng Méiglechkeet, d'Hëllefszentere vun der "Gaza Humanitarian Foundation", déi vun den USA an Israel ënnerstëtzt gëtt, opzesichen. Vill vun hinne géifen ouni Iessen, proppert Waasser oder sanitär Ariichtunge zeréckgelooss ginn a wieren, fir ze iwwerliewen, op aner Leit ugewisen.

Véier vu fënnef Mënschen, déi en Handicap hunn an an der Gazasträif liewen, hunn hir Hëllefsmëttel verluer, esou d'Zuele vun der UNO. Kritik un Israel gëtt et da vum Gremium, well d'Krichspartei Rollstill, Protheesen an aner Géigestänn als "Dual-Use" aklasséiert, also als Géigestänn, déi souwuel fir zivil wéi fir militäresch Zwecker genotzt kënne ginn. Dohier géife si net mat aneren Hëllefsgidder an de Gazasträif geliwwert ginn.

Och den Uerder vun der israeelescher Arméi, fir Géigenden ze evakuéieren, géifen d'Mënschen, déi net gutt gesinn oder net gutt héieren, heefeg net erreechen. Doduerch géif d'Flucht fir si onméiglech ginn, schreift de Gremium vun der UNO. Berichter no wiere Mënsche mat engem Handicap bei den Evakuatioune vu Regioune oder bei der Flucht gezwonge ginn, "duerch e Sand oder de Bulli ze kréichen".