D’Land an Asien, wat tëscht Thailand a Singapur läit, entwéckelt sech an der Regioun ëmmer méi zu engem strategesch wichtege Partner.

Den Ausseminister Xavier Bettel war déi lescht zwee Deeg fir eng Aarbechtsvisitt zu Kuala Lumpur a Malaysia an hat do Entrevuë mam Premier Anwar Ibrahim a mat sengem Malayseschen Homolog, dem Mohamad Hasan. 
 
D’Land an Asien, wat tëscht Thailand a Singapur läit, entwéckelt sech an der Regioun ëmmer méi zu engem strategesch wichtege Partner. Wéi vill Länner a Süd-Ost-Asien fleegt Malaysia seng Relatioune mam Westen, virun allem mat den USA an awer och mat China, fir eng strategesch Onofhängegkeet an der Regioun ze hunn. Wéinst den aktuelle geopoliteschen Tensiounen an ekonomeschen Entwécklungen an der Regioun, konzentréiere sech ëmmer méi europäesch Länner drop, fir wirtschaftlech a politesch Relatiounen zu asiatesche Partner ze verdéiwen, esou also och de Grand-Duché.

D’Entrevuë waren op der enger Säit politescher Natur: Déi bilateral Relatiounen tëscht Malaysia an dem Grand-Duché solle verdéift ginn.

"Mir sinn der Meenung, dass Malaysia vill Opportunitéiten och huet. Malaysia huet jo och den Ament d’Présidence vun der ASEAN, dat sinn déi Länner hei ronderëm. An do ass et och déi Dier hei vläicht duerch Malaysia fir den asiatesche Marché a mir probéieren eben och ze erklären, datt Lëtzebuerg déi Dier ka sinn, fir den europäesche Marché.", esou de Xavier Bettel.

Lëtzebuerg huet jo bekanntlech seng Kandidatur eragereecht fir 2030 net-permanente Member vum Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen ze ginn. All UN-Member huet do eng Stëmm, deemno wier et och wichteg, mat Länner de Kontakt ze verdéiwen, déi een net esou oft geséich. Malaysia géif och eng Rei wirtschaftlech Opportunitéite bréngen: Vun den ASEAN-Staaten ass Malaysia iwwregens de wichtegsten Handelspartner fir eis däitsch Noperen. Fir Lëtzebuerg wier et deemno och en interessante Marché:

"Mir si scho present mat der Cargolux, mir sinn och mat der SES present, mee mir sinn der Meenung, dass et iwwer de Finanzmarché fir d’Lëtzebuerger Finanzplaz eng Rëtsch Opportunitéite ginn, iwwer Produiten, déi mir um Lëtzebuerger Marché och strukturéieren.", sou nach de Lëtzebuerger Ausseminister.