"An enger komplizéierter Zäit ass et essentiel, datt ee sech mat sengen Noperen ofschwätzt", sou de Premier Luc Frieden nom Benelux-Sommet e Mëttwoch.

Hien huet säi belschen a säin hollänneschen Homolog am Schlass zu Buerglënster empfaangen. Op der Lee stoungen eng ganz Rei Sujeten, virop natierlech déi international Aktualitéit.

Benelux-Sommet - Reportage Dany Rasqué

Benelux ass eng historesch Unioun, déi 1944, also a schwieregen Zäiten, entstanen ass. Leider wiere mer haut erëm an enger Situatioun, déi bëssen änlech ass wéi deemools, seet de Premier Luc Frieden. Dofir wier et wichteg, och mat den Noperen ze schwätzen an et wier extrem nëtzlech gewiescht, datt de Benelux-Sommet grad zu dësem Zäitpunkt war: "Wou mer a Gaza eng terribel Situatioun hunn, Dir hutt gesinn, wat um Dënschden am Katar geschitt ass, eng terribel Situatioun an der Ukrain zënter Joren an d'Russe maache keng Unzeechen, datt se ophalen. Wa mer kucken, wat elo a Polen geschitt ass... an dofir ass et wichteg, datt mer zesummestinn an och vläicht zesumme kucken, Projeten ze maachen. Am Beräich vun der Sécherheet, mä och zesumme kucken, wéi mer dat an der Vergaangenheet gemaach hunn, fir och vläicht an der Ekonomie an an der Energie zesummenzeschaffen."

Am Beräich vun der Energie gouf um Sommet zum Beispill driwwer diskutéiert, wéi een am Beräich vum gréngen Hydrogène besser kann zesummeschaffen a wéi iwwerhaapt erneierbar Energië kënne vun deem enge Land an dat anert transportéiert ginn, esou de Lëtzebuerger Regierungschef: "Dat ass dee ganze Sujet vun de Connectiounen, déi an Europa bei Wäitem net perfekt sinn. Dat wëlle mer gemeinsam weiderdreiwen. Mir hunn iwwer Projeten an der Nordséi geschwat, wou d'Belsch an Holland natierlech present sinn a wou mir als Lëtzebuerger absolutt wëllen do derbäi sinn. Hei geet et natierlech ëm Wandenergie."

No de Gespréicher tëscht de Regierungscheffen aus der Belsch, Holland a Lëtzebuerg koumen de Ministerpresident aus Nordrhein-Westfalen no an de Vizepresident vun der franséischer Regioun Hauts-de-France. Zwee wichteg Partner, besonnesch wéinst hirer Proximitéit zu Holland respektiv der Belsch.

Politesch Instabilitéit mécht Suergen

An Holland gëtt den 29. Oktober nei gewielt, nodeems d'Regierung am Juni ausernee gebrach ass, méi Gedanken gëtt sech awer iwwert d'Situatioun a Frankräich gemaach. 
 
Politesch Instabilitéit ass ni gutt, huet de Premier Luc Frieden e Mëttwoch den Owend no enger gemeinsamer Pressekonferenz ënnerstrach: "Mir gesinn déi Situatioun a Frankräich mat enger gewëssener Suerg. Et ass gutt, datt de President direkt en neie Premier genannt huet, mä et muss een awer och eng stabel Majoritéit an engem Parlament fannen. Ech sinn dofir frou, datt mir zu Lëtzebuerg et ëmmer erëm fäerdeg bréngen a Gespréicher déi Stabilitéit ze halen. Si ass wesentlech, grad an turbulenten Zäiten wéi mer se elo hu mat Russland, mat Amerika a mat anere Konflikter, notamment am Noen Osten."