Zwee Doudeger a 14 Blesséierter no Schéisserei an engem Duerf
© Ayhan Mehmet / Anadolu via AFP
Op der griichescher Insel Kreta koum et am fréie Samschdegmoien zu enger déidlecher Schéisserei.
Wéi et vun der Presseagence ANA heescht, sollen arméiert Männer am Duerf Vorizia, eng 52 Kilometer vun der Stad Heraklion, op Haiser geschoss hunn. Dobäi sinn zwou Persounen ëm d'Liewe komm, dorënner eng Fra vu 50 Joer. Eng 14 Persoune goufe blesséiert. D'Hannergrënn vun der Dot si bis ewell net gewosst, ma a griichesche Medie geet Rieds vun enger Racheaktioun fir e Sprengstoffuschlag, dee just e puer Stonne virdru geschitt ass.
Op der Insel Kreta ass den illegale Waffebesëtz relativ wäit verbreet an et kënnt ëmmer nees zu bluddege Racheaktiounen. Réischt leschte Sonndeg hat e jonke Mann vun 23 Joer e Mann vun 52 Joer wärend engem Duerffest am Weste vun der Insel ëmbruecht.