Fir den ägyptesche President al-Sisi ass et "dee gréisste Musée an der Geschicht vun der Mënschheet".

E Samschdeg ass duerfir extra e Feierdag an Ägypten. Zu Kairo goufen Ecranen opgestallt fir d'Ouvertureszeremonie live z'iwwerdroen. Vun e Méindeg un kommen dann och déi éischt Visiteuren eran.

An 12 Ausstellungshalen op ronn 500.000 Quadratmeter ginn iwwer 1000.000 Exponate vun de Pharaoen an der griichescher a réimescher Antik gewisen. Dat an engem Musée, deen de Bedreiwer no, dee "gréissten archeologesche Musée vun der Welt" ass. Dorënner déi berüümte Sammlung vum Pharao Tutanchamun mat virop der legendärer gëllener Doudemask.

Ägypten erwaart sech all Joer tëscht 5 an 9 Millioune Visiteuren déi de Musée wëlle gesinn. Dëse Musée dierft deemno eng nei Attraktioun fir den Tourismus am Land ginn. Der "Financial Times" no huet de Bau vum "Grand Egyptian Museum" eng Milliard US-Dollar kascht. Finanzéiert gouf dëst deels duerch Prêten aus Japan, staatlech Moyenen a Recetten vu Wanderaustellungen am Ausland.