D'Erweiderungspolitik vun der Europäescher Unioun huet zanter dem russeschen Ugrëff op d'Ukrain eng nei Dynamik kritt.

Enger rezenter Enquête vum Eurobarometer no si 56 % vun de Bierger an der EU der Meenung, datt d'Unioun sech soll fir nei Memberstaaten opmaachen. Am meeschte positiv gesënnt sinn d'Awunner aus Schweden (79 %), Dänemark (75 %) a Litauen (74 %). Méi skeptesch bleiwen d'Leit an Éisträich (45 %), der Tschechescher Republik (43 %) an a Frankräich (43 %).

Besonnesch Jonker ënnerstëtzen eng méi grouss EU

Besonnesch jonk Europäer stinn hannert der Iddi vun enger méi grousser Unioun: 67 % vun de Leit tëscht 15 a24 Joer an 63 % vun de Leit tëscht 25 an 39 Joer si fir eng Erweiderung. Vill Bierger gesinn an enger Erweiderung Virdeeler fir d'Unioun: 37 % mengen, si géif den Afloss vun der EU weltwäit weider stäerken, an nach eng Kéier 37 % gesinn eng Stäerkung vum europäesche Marché. Fir 30 % géif eng méi grouss Unioun och méi Solidaritéit tëschent de Memberstaate bedeiten.

Ma et ginn och Bedenken: 40 % fäerten eng onkontrolléiert Migratioun, 39 % Korruptioun a Kriminalitéit a 37 % maache sech Suergen ëm d'Käschte fir de Steierzueler.

Fir datt, d'Erweiderung e Succès gëtt, fuerderen d'Europäer kloer Reegele fir d'Rechtsstaatlechkeet a méi Kontroll géint Korruptioun. 38 % vun de Leit mengen, datt d'Länner, déi fir en Zougang an d'EU kandidéieren, sech missten zu EU-Reforme verflichten. Vill wënsche sech méi streng Zousazkrittären, fir datt d'Standarde vun der EU respektéiert ginn.

Wie kéint bäikommen?

Aktuell hoffen d'Länner Albanien, Bosnien an Herzegowina, Georgien, Kosovo, Moldawien, Montenegro, Nordmazedonien, Serbien, d'Tierkei an d'Ukrain op en EU-Bäitrëtt. Ma d'Länner sinn a verschiddene Phase vum Bäitrëttsprozess. Besonnesch d'Staaten aus dem Westbalkan, d'Ukrain, Moldawien a Georgien sinn am wäitsten an dësem Prozess fortgeschratt a sinn och aktuell am stäerksten an der EU integréiert.