
Wéi déi tierkesch Noriichtenagence IHA en Dënschdeg mellt, hätt de flüchtegen Täter sech selwer erschoss, nodeems hie vun der Police ëmkreest gouf. Wéi d'Agencen IHA an DHA mellen, huet den Täter an der südtierkescher Stad Mersin an engem Restaurant de Gerant an e Mataarbechter erschoss, aacht weider Persoune goufe blesséiert. Duerno hätt hien nach zwou weider Persounen erschoss. Zur Identitéit vum Täter ginn et den Ament ënnerschiddlech Berichter: Wärend DHA mellt, et hätt sech ëm e 17 Joer alen Täter gehandelt, schreiwen d'Agence Anadolu an d'Zeitung Sabah, et wier e 37 Joer ale Mann gewiescht, dee virun der Dot am Restaurant ausserdeem nach seng Fra erschoss hätt. Wien déi sechst Doudesaffer soll sinn, ass den Ament och nach onkloer.