De fréieren US-Vizepresident Dick Cheney ass am Alter vu 84 Joer verscheet. Dat huet seng Famill e Mëttwoch bekannt ginn.

Hie wier en Dënschdeg am Krees vu senger Famill gestuerwen. Hien hat eng Longenentzündung a Probleemer mat Häerz a Kreeslaf.

Den Dick Cheney war tëscht 2001 an 2009 Vizepresident ënnert dem republikanesche President George W. Bush. Schonn ënnert dem Mandat vum George Bush Sr. war hien tëscht 1989 an 1993 Verdeedegungsminister.

Fréi politesch Karriär a Wiessel an d'Privatwirtschaft

Den Dick Cheney, dee mat ganzem Numm Richard Bruce Cheney geheescht huet, hat eng laang a polariséierend Karriär an der US-amerikanescher Politik. De Republikaner hat seng Karriär 1969 als Mataarbechter an der Nixon-Regierung ugefaangen a war ënnert anerem perséinlechen Assistent fir den Donald Rumsfeld, dee selwer laang Joren US-Verdeedegungsminister war.

1978 koum hien als republikaneschen Deputéierte fir de Bundesstaat Wyoming an d'US-Representantenhaus, wou hien d'Leeder eropgeklomme war, bis hien 1989 als Verdeedegungsminister an dem George Bush Sr. seng Regierung aberuff gouf.

1995 goung hien an d'Privatwirtschaft a gouf CEO vun der Pëtrolsfirma Halliburton. Virun allem op dës Zäit gi Kriticken zeréck, déi dem Cheney Interessekonflikter a Korruptioun virwerfen.

Retour an d'Politik an US-Invasioun vum Irak 2003

2001 war den Dick Cheney zeréck an d'Politik gaangen a gouf ënnert dem George W. Bush Vizepresident.

Den Dick Cheney gëllt als ee vun den zentralen Acteure bei der Decisioun vun den USA, 2003 an den Irak anzemarschéieren. Nieft dem deemolegen Ausseminister Colin Powell an dem deemolegen US-Verdeedegungsminister Donald Rumsfeld, huet den Dick Cheney deemools eng Invasioun vum Irak gefuerdert. Begrënnt haten déi dräi dës Fuerderung deemools mat der Behaaptung, den irakeschen Diktator Saddam Hussein Massevernichtungswaffe géing besëtzen, wat sech duerno als falsch erausgestallt huet.

Trotz dëser falscher Behaaptung huet den Cheney den US-Amarsch am Irak och zéng Joer no der Invasioun nach verdeedegt. An engem Documentaire aus dem Joer 2013 sot hien, dass déi amerikanesch Truppen zwar keng Massevernichtungswaffe fonnt hätten, ma et  hätt ee Beweiser dofir fonnt, dass de Saddam Hussein d'Kapazitéite gehat hätt, esou Waffen ze produzéieren an dat och wëlles gehat hätt.

Kritik um Donald Trump

Am héijen Alter hat hien ëmmer nees mat gesondheetleche Probleemer ze kämpfen, ma den Numm Cheney huet an der Politik nach ëmmer Aktualitéit. Seng Duechter Liz Cheney war bis 2023 eng vun deenen héchste Republikanerinnen am US-Representantenhaus. Si war och eng vun de schäerfste Kritikerinne vum Donald Trump bei de Republikaner.

Bei de Walen 2024 hat den äerzkonservativen Dick Cheney annoncéiert, d'Demokratin Kamala Harris ze ënnerstëtzen an hat den aktuellen US-President Trump als Menace fir d'USA bezeechent.