Bundeskanzler Merz wëll mat Expulsiounen a Syrien ufänken
                    © AFP
Den däitsche Bundeskanzler gesäit aktuell kee Grond méi, Syrer an Däitschland Asyl ze ginn. Den Ausseminister Johann Wadephul huet awer nach seng Zweiwel.
Bei der däitscher Regierung gëtt et an der Migratiounspolitik weider Meenungsverschiddenheeten. De leschten Donneschdeg hat den Ausseminister vun der CDU Johann Wadephul op senger Visitt a Syrien nach gesot, Réckféierunge vu syresche Flüchtlinge wieren "zum aktuellen Zäitpunkt nëmme ganz ageschränkt méiglech", well am Land "immens vill Infrastruktur" zerstéiert wier.
De Kanzler Friedrich Merz gesäit dat awer ganz anescht. "De Biergerkrich a Syrien ass eriwwer", sou den däitsche Bundeskanzler e Méindeg den Owend. Et géif elo "keng Grënn méi fir Asyl an Däitschland" ginn an et kéint een dowéinst mat de Réckféierungen ufänken. Hie gesäit et als selbstverständlech un, datt Syrerinnen a Syrer elo fräiwëlleg zréck an hir Heemecht ginn, fir ze hëllefen d'Land nees mat opzebauen. Déi Leit, déi sech weigere géingen, kéint een dem Merz no expulséieren. Am Bundesinnenministerium gëtt grad e Plang ausgeschafft, wéi ee fir d'éischt Stroftäter expulséiere kéint.
Fir dëst Uleies huet den däitsche Kanzler elo och de syreschen Interimspresident Ahmed al-Scharaa an Däitschland invitéiert, fir "doriwwer ze schwätzen a mat him eng gemeinsam Léisung ze fannen."
Op d'Onsécherheet vum Ausseminister Johann Wadephul, Réckféierungen a Syrien aktuell an deem Ausmooss iwwerhaapt duerchféieren ze kënnen, ass de Merz dann och nach agaangen. Dës Meenung vun him wier duerch e konkreten Androck bei der Visitt an engem zerstéierte Staddeel vun Damaskus entstanen. De Wadephul hätt sech just zu engem bestëmmten Deel vun der syrescher Haaptstad geäussert, deen net nëmmen "immens staark beschiedegt oder zerstéiert war, mee deels och verminnt gewiescht wier."