Nodeems et an engem Prisong am Ecuador zu arméierten Ausernanersetzunge koum, mellen d'Autoritéiten am Ganzen 31 Doudeger.

Wéi et vun der Prisongsverwaltung heescht, wieren an der Nuecht op e Sonndeg véier Leit bei den arméierten Ausernanersetzungen ëm d'Liewe komm. Am Nomëtteg wieren da 27 Prisonéier dout fonnt ginn. Dës wieren erstéckt, déi genee Ëmstänn géingen elo ermëttelt ginn.

Nieft de véier Doudege wiere bei den Ausernanersetzungen an der Nuecht 33 Prisonéier an ee Polizist blesséiert ginn. Dozou, ob déi véier Doudeg aus der Nuecht och Prisonéier wieren, huet sech d'Prisongsverwaltung allerdéngs net geäussert. Den Autoritéiten no koume bei der Ausernanersetzung Schosswaffen a Sprengstoff an den Asaz.

Awunner aus der Géigend haten an der Nuecht Schëss, Explosiounen a Leit, déi ëm Hëllef geruff hunn, aus dem Prisong héieren. Wéi d'Verwaltung weider matgedeelt huet, hätte Spezialunitéite vun der Police "direkt" agegraff a siwe Leit am Prisong festgeholl. Donieft hätte si d'Kontroll iwwer de Prisong nees hiergestallt.

Prisongen am Ecuador si scho viru Joren zu Zentrale vum organiséierten Drogenhandel ginn. Ëmmer nees kënnt et doduerch zu bluddegen Ausernanersetzungen tëscht Bandememberen.

Déi rezent Gewalt kéint mat Pläng zesummenhänken, verschidde Prisonéier an en Héichsécherheetsprisong ze verleeën, deen de President Daniel Noboa an enger anerer Provënz baue gelooss huet an dëse Mount soll opgoen.

Eréischt Enn September ware bei Kämpf tëscht rivaliséierenden Drogebanden am Prisong zu Machala 13 Prisonéier an ee Mataarbechter vum Prisong ëmbruecht ginn.

Ecuador läit tëscht Kolumbien a Peru, den zwee gréisste Kokainproduzenten op der Welt, huet awer laang als vergläichsweis friddlech a stabil gegollt. An de leschte Joren ass dat südamerikanescht Land selwer zu enger Dréischeif fir den internationalen Drogenhandel ginn. Zanterhier ass och d'Gewaltkriminalitéit massiv an d'Luucht gaangen.